Cinéma de l'Attert

Vu Wikipedia

De Cinéma de l'Attert war e Kino zu Réiden op der Atert.

1947 huet de Guillaume Reisen e Kino an der Réidener Groussgaass nieft sengem Elektrikeschbuttek baue gelooss. Am Sall waren ënnenan 200 Plazen an um Balcon der 120. Samschdes war eng Virstellung a sonndes der zwou.

Deen éischte Film gouf do de 27. Mäerz 1948 gewisen. Et war dem Maurice Cloche säi Monsieur Vincent vun 1947 mam Pierre Fresnay an der Roll vum hellege Vinzenz vu Paul.

Dee leschte Film, deen am Atert-Kino gewise gouf war den 30. Juni 1979 dem John Guillermin säin Death on the Nile mam Peter Ustinov an der Roll vum belsche Privatdetektiv Hercule Poirot no engem Roman vun der Agatha Christie.

D'Gebai vum Kino steet nach; et gouf als Lager vun engem Schonggeschäft.

Aktuell sinn an dem Gebei 1 Kommerz an 2 Wunnengen dran. Vun der Kinosariichtung ass näischt méi Rescht.