Circinusgalaxis
Circinusgalaxis ESO 97-G13 | |
---|---|
![]() Foto opgeholl vum Hubble-Weltraumteleskop | |
Stärebild | Circinus |
Objettyp | Galaxis vum Typ-2-Seyfertgalaxis |
Rektaszensioun | 14h 13m 10s |
Deklinatioun | - 65° 20' 21" |
Equinoxe | J2000.0 |
Visuell Magnitude | 12,1 mag |
Distanz | zirka 13 Mio. Liichtjoer |
Wénkelduerchmiesser | 6.9/3.0 |
Radialvitess | (426 ± 25) |
Spektralklass | Sb |
Katalogbezeechnungen | ESO = 97-G13; IRAS = 14092-6506; PGC = 50779; HIPASS J1413-65 |
D'Circinusgalaxis (ESO 97-G13) ass en Typ-2-Seyfertgalaxis am Stärebild Circinus an déi aktiv Galaxis déi am nooste bei der Mëllechstrooss steet. Si steet grad emol 4 Grad ënner dem galaktesche Plang an ass ongeféier 13 Millioune Liichtjoer vun eis ewech.
D'Galaxis huet grouss Deeler vun turbulentem Gas, dat an zwéi Réng ëm den Zentrum konzentréiert ass. De baussenzege Rank ass ongeféier 700 Liichtjoer vum Galaxiszentrum ewech a weist staark Stäregebuerten. De bannenzege Rank huet e Radius vu ronn 130 Liichtjoer.
Obschonn et sech ëm eng Galaxis handelt, déi zimmlech no läit, gouf si eréischt an den 1970er-Joren entdeckt, well si vu Matière aus eiser eegener Galaxis verstoppt gëtt.