Op den Inhalt sprangen

Citybus (Lëtzebuerg)

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) City-Bus (Lëtzebuerg))
Dësen Artikel beschäftegt sech mat de lëtzebuergesche kommunale Bussystemer. Fir aner Saache mat deem Numm, kuckt wgl. Citybus.
E Gefier vum Ettelbrécker Citybus am Asaz op der Stater Linn 19

Citybus oder City-Bus ass e Begrëff deen zu Lëtzebuerg gebraucht gëtt fir e kommunale Service am Beräich vum ëffentleche Persounentransport ze bezeechnen. Gemenkerhand ass d'Offer op de jeeweilege Gemengenterritoire limitéiert. D'Funktiounsweis an d'Tarifikatioun variéiere vu Gemeng zu Gemeng. Prinzipiell kann een tëscht Linne mat engem festen Trajet a Fuerplang an engem individuelle Service op Ufro (Ruffbus) ënnerscheeden.

Déi zwéin "grouss" Reseaue vun der Stad Lëtzebuerg (AVL) an dem Gemengesyndikat TICE falen am Allgemengen net ënner de Begrëff Citybus.

Lëscht vun de Reseauen

[änneren | Quelltext änneren]
D'Linnen 2 an 3 vum Wëlzer Citybus bei der Gare vu Wolz

Fest Linn / Fuerplang

[änneren | Quelltext änneren]
Kommunal Citybus-Linneservicer (Stand: Mee 2025)
Gemeng Service Agefouert Bedriwwe vun Tarifikatioun Bemierkung
Déifferdeng Diffbus[1] 15.09.2003 Sales-Lentz gratis 4 Linnen, wiertes vu 6h00 bis 19h00
Diddeleng Citybus Diddeleng 01.10.2020 Émile Weber gratis besteet aus de Linnen Dudbus1[2] (och: Bus Champs-Vallée) an

de Linnen 8, 9 an 10 (virun 2026: Linne vum TICE-Reseau)

Dikrech Loui Express[3] Voyages Schiltz gratis 2 Linnen, all 20 Minutten, Méindeg - Samschdeg
Esch-Uelzecht Citybus Esch besteet aus de Linnen 7 an 12 vum TICE-Reseau
Gaalgebus[4][5] 07.04.2017 Sales-Lentz Navette tëscht der Escher Gare an dem Gaalgebierg
Ettelbréck Citybus Ettelbréck 01.06.1996 Voyages Wagener Linn 1 Moor a Linn 2 Lopert, Méindeg - Samschdeg
Nordstad-Bus[6] Verbindungen tëscht den Nordstad-Gemengen: besteet aus den RGTR-Linnen 115, 116 an 117
Hesper Hesper Citybus 17.04.2023

22.05.2023

Linn Fenteng[7], Méindeg - Freideg an der Mueresspëtzestonn (Uschloss op d'Linn 29);

Linn Alzeng (mat 2 Trajeten)[8] Méindeg - Freideg an der Mueresspëtzestonn (Uschloss op d'RGTR-Linnen op der Halt Urbengsschlass)

Iechternach Citybus Iechternach Jan. 2017 Nonnemillen - Zentrum, Wochendeeg, am Summer och sonndes
Citynavette[9] Okt. 2018 Industriezon - Zentrum, Méindeg - Freideg
Jonglënster Laangwiss Navette[10] Voyages Josy Clement[11] gratis Navette tëscht dem P+R Lënster Bierg an der Sportshal Op de Fréinen; Méindeg - Freideg
Nidderaanwen Citybus Nidderaanwen[12] 01.05.2025 Émile Weber gratis 2 Linnen, eemol d'Stonn, all Dag

Verbindungen tëscht de Bushalten an der Gemeng an ë. a. dem P+R Héienhaff, der Tramshalt an dem Fluchhafen

Mäertert Citybus Mäertert-Waasserbëlleg[13] Méindeg - Freideg
Réimech Réimecher Navette[14] gratis Méindeg - Freideg
Wolz Citybus Wolz 1986 Voyages Schiltz 4 Linnen an der Woch an 1 samschdes
E Stater Call-a-Bus op der Plëss

Dës Servicer op Ufro sinn uganks vun den 2000er Joren opkomm a bestinn an enger Rëtsch ländleche grad wéi urbane Gemengen.

Kommunal Ruffbus-Servicer (Stand: Mee 2025)
Gemeng Service Agefouert Bedriwwe vun Tarifikatioun Bemierkung
Bartreng Ruffbus Berti[15] 02.11.2020 gratis Méindeg - Samschdeg
Beetebuerg Eisen e-Bus[16] Juli 2020 Voyages Vandivinit gratis Méindeg - Samschdeg; Destinatiounen an der Gemeng Beetebuerg
Betzder BetzBus[17] 05.06.2023 Émile Weber gratis Méindeg, Mëttwoch a Freideg; Destinatiounen an der Gemeng Betzder a verschidde Plazen an de Gemengen Nidderaanwen a Gréiwemaacher
Conter Conti Bus[18] Sales-Lentz Joresabonnementer vun 10 a 25  Méindeg - Samschdeg; Destinatiounen an der Gemeng Conter a verschidde Plazen an de Gemengen Nidderaanwen, Schëtter, Sandweiler an Hesper
Déifferdeng Ruffbus Dinola[19] Sept. 2020 Émile Weber 2 € / Faart Méindeg - Samschdeg; Destinatiounen an der Gemeng Déifferdeng a Klinicken zu Esch
Diddeleng Flexbus Diddeleng[20] gratis (mat Abonnement) Méindeg - Samschdeg; fir Leit vun iwwer 65 Joer um Gebitt vun der Gemeng Diddeleng an de Bauzenter an der Gemeng Beetebuerg
Esch-Uelzecht Flexibus « Neiduerf »[21] 15.01.2011[22] Sales-Lentz Méindeg - Samschdeg, an de Quartieren „Neiduerf“ a „Park“
Escher PlusBus[23] 2021 Émile Weber Méindeg - Samschdeg, fir PMR oder Leit vun iwwer 65 Joer um Gebitt vun der Gemeng Esch
Fluessweiler Flaxbus[24] 02.05.2019 Émile Weber 1 € / Faart Méindeg - Freideg; Destinatiounen an der Gemeng Fluessweiler a verschidde Plazen an de Gemengen Nidderaanwen, Lenneng, Schëtter, Betzder, Gréiwemaacher a Wuermer
Fréiseng Frisibus 01.03.2017 Émile Weber 2 € / Faart Méindeg - Freideg; Destinatiounen an de Gemenge Fréiseng, Weiler zum Tuer, Beetebuerg a Munneref (zesumme mat der Gemeng Weiler zum Tuer)
Garnech Proxibus[25] gratis Méindeg - Samschdeg; Destinatiounen an der Gemenge Garnech, Käerch a Stengefort a verschidde Plazen zu Arel, Kielen, Kënzeg an op der Cap (zesumme mat de Gemenge Käerch a Stengefort)
Gréiwemaacher Maacher CityBus[26][27] 01.06.2017 Émile Weber 1 € / Faart Méindeg - Freideg; Destinatiounen an der Gemeng Gréiwemaacher a verschidde Plazen an de Biwer, Fluessweiler, Manternach, Mäertert a Wuermer, grad wéi d'Gare zu Wellen
Hesper Flexibus Hesper[28] Sales-Lentz Méindeg - Samschdeg; Destinatiounen an der Gemeng Hesper a verschidde Plaze baussent der Gemeng
Jonglënster Citybus Jonglënster[29] 2 € / Faart Méindeg - Freideg; Destinatiounen an der Gemeng Jonglënster; nëmme fir Leit déi am Rollstull sëtzen oder mat engem Rollator ënnerwee sinn
Bummelbus Jonglënster[30] Forum pour l'emploi asbl ofhängeg vun der Distanz (vun 2 € ënner 10 km bis 100 € fir iwwer 90 km) Sammel-Ruffbus, Méindeg - Samschdeg; net fir Leit am Rollstull
Käerch Proxibus[25] gratis Méindeg - Samschdeg; Destinatiounen an der Gemenge Garnech, Käerch a Stengefort a verschidde Plazen zu Arel, Kielen, Kënzeg an op der Cap

(zesumme mat de Gemenge Garnech a Stengefort)

Keel Citybus Jonglënster[31] November 2008 gratis Méindeg - Samschdeg; Destinatiounen an der Gemeng Keel an zu Rëmeleng
Leideleng Ruffbus Reckeng-Leideleng 01.10.2024 Méindeg - Samschdeg; Destinatiounen an der Gemeng Réiser a verschidde Plazen an de Gemenge Beetebuerg, Hesper an den CK Sportcenter (Kockelscheier, Lëtzebuerg) (zesumme mat der Gemeng Reckeng)
Lenneng Mäi Ruffbus[32] Émile Weber 1 € / Faart Destinatiounen an der Gemeng Lenneng an zu Contern, Mutfert, Nidderaanwen, Sandweiler, Wuermer, Réimech, Schëtter, Gréiwemaacher a Waasserbëlleg
Lëntgen Lëntgen Express[33][34] Émile Weber gratis Méindeg - Samschdeg; Destinatiounen an der Gemeng Lëntgen a verschidde Plazen an de Gemenge Luerenzweiler a Miersch
Lëtzebuerg Call-a-Bus[35] AVL gratis

6 € / Faart

Fir Leit am Rollstull (Transport bannent der Stad an a verschidde konventionéiert Gemengen)oder

fir Awunner vun der Stad vun iwwer 70 Joer (bannent der Stad)

Mamer Ruffbus Mamer[36] Émile Weber 1 € / Faart All Dag (ausser op Feierdeeg); Destinatiounen an der Gemeng Mamer an zu Bartreng, Dippech, Garnech, Kielen, Käerch, Koplescht, Stengefort, grad wéi de Centre Hospitalier an der Stad
Manternach Ruffbus Manternach[37] Émile Weber 1 € / Faart Destinatiounen an der Gemeng Manternach a verschidde Plazen an de Gemengen Iechternach a Gréiwemaacher
Miersch Flexibus Miersch[38] Sept. 2005 Sales-Lentz gratis Méindeg - Samschdeg; Destinatiounen an der Gemeng Miersch
Monnerech Mobus[39] 20.09.2014 Émile Weber 1 € / Faart Méindeg - Freideg; Destinatiounen an der Gemeng Monnerech a verschidde Plazen an de Gemengen Esch-Uelzecht a Schëffleng
Munneref Mondi Bus[40] Voyages Vandivinit gratuit Méindeg - Freideg; Destinatiounen an der Gemeng Munneref
Nidderaanwen Ruffbus Syrdall[41][42] 01.03.2022 Émile Weber gratis Méindeg - Samschdeg; Destinatiounen an de Gemengen Nidderaanwen a Schëtter a verschidde Plazen de Gemenge Betzder, Contern a Sandweiler (zesumme mat der Gemeng Schëtter)
Péiteng P-Bus[43] Sales-Lentz Méindeg - Freideg; fir PMR oder Leit vun iwwer 65 Joer um Gebitt vun der Gemeng Péiteng a verschidde Plazen an de Gemengen Déifferdeng a Käerjeng.
Reckeng Ruffbus Reckeng-Leideleng 01.10.2024 Méindeg - Samschdeg; Destinatiounen an der Gemeng Réiser a verschidde Plazen an de Gemenge Beetebuerg, Hesper an den CK Sportcenter (Kockelscheier, Lëtzebuerg) (zesumme mat der Gemeng Leideleng)
Réiser Flexibus Réiser[44] Sales-Lentz gratis
Rëmeleng Flexibus Rëmeleng[45] Sales-Lentz gratis Méindeg - Samschdeg; Destinatiounen an de Gemenge Rëmeleng a Keel
Schëffleng Ruffbus gratis Méindeg - Samschdeg; Destinatiounen an der Gemeng Schëffleng, d'Industriezon Féiz an d'Escher Spidol
Schengen Schengi[46] Voyages Vandivinit gratis Méindeg - Samschdeg; Destinatiounen an der Gemeng Schengen an den Uertschafte Réimech, Munneref, Perl an Nennig.
Schëtter Ruffbus Syrdall[41][42] 01.03.2022 Émile Weber gratis Méindeg - Samschdeg; Destinatiounen an de Gemengen Nidderaanwen a Schëtter a verschidde Plazen de Gemenge Betzder, Contern a Sandweiler (zesumme mat der Gemeng NIdderaanwen)
Steesel Ruffbus Steesel[47] Émile Weber gratis Méindeg - Samschdeg; Destinatiounen an der Gemeng Steesel an d'PIDAL zu Walfer
Stengefort Proxibus[25] gratis Méindeg - Samschdeg; Destinatiounen an der Gemenge Garnech, Käerch a Stengefort a verschidde Plazen zu Arel, Kielen, Kënzeg an op der Cap (zesumme mat de Gemenge Garnech a Käerch)
Stroossen Bus@Stroossen[48] Demy Schandeler gratis Méindeg - Samschdeg; Destinatiounen an der Gemeng Stroossen a verschidde Plazen an de Gemeng Bartreng a Lëtzebuerg
Suessem Ruffbus Sales-Lentz 2 € / Faart Méindeg - Samschdeg; Destinatiounen an der Gemeng Suessem a verschidde Plazen an de Gemengen Esch-Uelzecht, Déifferdeng a Käerjeng
Walfer Walfy Flexibus 2006 Sales-Lentz gratis Méindeg - Samschdeg; Destinatiounen an der Gemeng Walfer
Weiler zum Tuer Weilibus[49] 01.07.2022 Émile Weber 2 € / Faart Méindeg - Freideg; Destinatiounen an de Gemenge Fréiseng, Weiler zum Tuer, Beetebuerg a Munneref (zesumme mat der Gemeng Fréiseng)
Wuermer Riesling Express[50] Émile Weber 1 € / Faart Méindeg - Freideg; Destinatiounen an der Gemeng Wuermer a verschidde Plazen an de Gemenge Gréiwemaacher, Stadbriedemes, Waasserbëllig a Réimech

Am Joer 2008 war am Kanton Capellen mat engem Ruffbus-System experimentéiert ginn. Wéinst ze héije Käschten an net genuch Nofro ass de Ruffbus Capellen Enn Juni 2010 fir zerguttst zougemaach ginn.

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. (de) Mobilität | Diffbus. Ville de Differdange. Gekuckt de 04.05.2025.
  2. (fr) Bus. Ville de Dudelange. Gekuckt de 04.05.2025.
  3. Transports en commun. diekirch.lu. Gekuckt de 04.05.2025.
  4. (fr) Infogreen, Le Gaalgebus relie ville et verdure. Infogreen. Gekuckt de 04.05.2025.
  5. (fr) Gaalgebus - Esch Citylife. citylife.esch.lu. Gekuckt de 04.05.2025.
  6. (fr) City Bus / Nordstadbus – Commune d'Ettelbruck – Citoyen. Gekuckt de 04.05.2025.
  7. Hesper Citybus. www.hesperange.lu. Gekuckt de 04.05.2025.
  8. Hesper Citybus Alzingen. www.hesperange.lu. Gekuckt de 04.05.2025.
  9. (fr) Citybus & Citynavette. Echternach (30.07.2020). Gekuckt de 04.05.2025.
  10. (fr) Laangwiss Navette. www.junglinster.lu. Gekuckt de 04.05.2025.
  11. Horaires. josyclement.lu. Gekuckt de 04.05.2025.
  12. (fr) Citybus Nidderaanwen. www.niederanven.lu. Gekuckt de 05.05.2025.
  13. (fr) Mobilité. Mertert-Wasserbillig (25.08.2020). Gekuckt de 04.05.2025.
  14. (fr) Navette. Ville de Remich. Gekuckt de 04.05.2025.
  15. (fr) Ruffbus Berti. www.bertrange.lu. Gekuckt de 04.05.2025.
  16. (lb) eisen e-bus. bettembourg.lu. Gekuckt de 05.05.2025.
  17. (de) Betzbus – Elektrischer Rufbus in Betzdorf. Emile Weber. Gekuckt de 05.05.2025.
  18. Flexibus. Gekuckt de 05.05.2025.
  19. (de) RUFFbus Dinola – Flexibler Rufbus in Differdange. Emile Weber. Gekuckt de 05.05.2025.
  20. (fr) Bus. Ville de Dudelange. Gekuckt de 05.05.2025.
  21. Flexibus. Gekuckt de 05.05.2025.
  22. ersetzt déi fréier Citybus-Linn 12A Gare - Burgronn
  23. (de) Escher PlusBus – Ihr flexibler Rufbus in Esch/Alzette. Emile Weber. Gekuckt de 05.05.2025.
  24. (de) Flaxbus – Flexibler Rufbus in der Gemeinde Flaxweiler. Emile Weber. Gekuckt de 05.05.2025.
  25. 1 2 3 Proxibus - Administration Communale de Steinfort. www.steinfort.lu. Gekuckt de 05.05.2025.
  26. (de) Maacher Citybus – Rufbus in Grevenmacher. Emile Weber. Gekuckt de 05.05.2025.
  27. (de) CityBus (Ruffbus) – Stadt Grevenmacher. Gekuckt de 05.05.2025.
  28. Lëtzebuergesch: Flexibus - E Bus op Demande. www.hesperange.lu. Gekuckt de 05.05.2025.
  29. (fr) City Bus. www.junglinster.lu. Gekuckt de 05.05.2025.
  30. (fr) Bummelbus. www.junglinster.lu. Gekuckt de 05.05.2025.
  31. (fr) Mini-Bu - Administration Communale de Kayl (19.08.2020). Gekuckt de 05.05.2025.
  32. (de) Mäi RUFFbus Lennéng – Rufbus für Lenningen & Umgebung. Emile Weber. Gekuckt de 05.05.2025.
  33. (de) Lëntgen Express – Flexibler Rufbus für Lintgen & Mersch. Emile Weber. Gekuckt de 05.05.2025.
  34. (fr) Lëntgen Express. Lintgen (19.03.2021). Gekuckt de 05.05.2025.
  35. (fr) Call-a-Bus | Ville de Luxembourg. www.vdl.lu. Gekuckt de 04.05.2025.
  36. (de) RUFFbus Mamer – Flexibler Rufbus in Mamer & Umgebung. Emile Weber. Gekuckt de 05.05.2025.
  37. (de) RUFFbus Manternach – Flexibler Rufbus für Manternach & Umgebung. Emile Weber. Gekuckt de 05.05.2025.
  38. Flexibus. Gekuckt de 05.05.2025.
  39. (de) MOBUS – Flexibler Rufbus für Mondercange & Schifflange. Emile Weber. Gekuckt de 05.05.2025.
  40. (en) Mondi Bus. • Administration Communale de Mondorf-Les-Bains. Gekuckt de 05.05.2025.
  41. 1 2 (de) RUFFbus Syrdall – Flexibler Rufbus in Schuttrange & Niederanven. Emile Weber. Gekuckt de 05.05.2025.
  42. 1 2 ersetzt de fréiere Charly (Nidddraanwen) a Syri-Express (Schëtter)
  43. P-Bus. Gekuckt de 05.05.2025.
  44. Flexibus. Gekuckt de 05.05.2025.
  45. Flexibus. Gekuckt de 05.05.2025.
  46. (de) Kleinbusdienst Schengi. Commune de Schengen. Gekuckt de 05.05.2025.
  47. (de) RUFFbus Steesel – Flexibler Rufbus in Steinsel & Walferdange. Emile Weber. Gekuckt de 05.05.2025.
  48. (fr) Bus. www.strassen.lu. Gekuckt de 04.05.2025.
  49. (de) Frisibus/Weilibus – Rufbus für Frisange & Umgebung. Emile Weber. Gekuckt de 05.05.2025.
  50. (de) Riesling Express – Flexibler Rufbus in Wormeldange. Emile Weber. Gekuckt de 05.05.2025.