City (Zäitschrëft)

Vu Wikipedia

City ass eng Zäitschrëft déi vu Maison Moderne am Optrag vun der Gemengeverwaltung vun der Stad Lëtzebuerg erausbruecht gëtt. D'Zäitschrëft mam Ënnertitel „Magazine officiel de la Ville de Luxembourg“ huet e Format vun ca. 23 cm Breet an 28 cm Héicht a gëtt gratis un all Stot an der Stad verdeelt. Leit déi net an der Stad wunnen, kënne se gratis abonéieren; fir an d'Ausland kascht e Joresabonement 10 Euro[1].

Mat der City wëll d'Stad d'Ëffentlechkeet ganz konkreet iwwer d'Projeten informéieren déi an der Stad realiséiert ginn a sou méi en enke Kontakt tëscht der Gemengeverwaltung an de Bierger hierstellen[2].

City gëtt an enger Oplo vu 70.000 Exemplaire gedréckt a kënnt 11-mol am Joer eraus[1]. D'Artikele sinn op Englesch a Franséisch fir esou déi meeschte Leit z'erreechen[2].

Déi éischt Nummer koum am Januar 2016 eraus an huet domat de City Mag ersat. D'Zäitschrëft kann och um Internet virtuell duerchgebliedert oder erofgeluede ginn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Impressum an der 1. Ausgab, S. 120
  2. 2,0 2,1 Editorial vun der Buergermeeschtesch Lydie Polfer an der 1. Ausgab, S. 3