Op den Inhalt sprangen

City Concorde

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Akafszentrum. Fir aner Bedeitunge vu Concorde, kuckt wgl. Concorde.

D'City Concorde, dacks och einfach Concorde genannt, ass en iwwerdaachten Akafszentrum op der Lonkecher Strooss zu Bartreng. Et ass ee vun de gréissten Akafszentren zu Lëtzebuerg, an hat ëm d'Joer 2015 ronn fënnef Millioune Visiteuren.[1],[2]

2024 hunn eng 1.600 Leit an der City Concorde geschafft.[3]

Den Akafszentrum huet den 9. Mee 1974 ënnert dem Numm "Concorde" seng Dieren opgemaach, zwéi Méint virun der Belle Étoile.[4] Grënner war den Entreprener Jean Bram.[5] Deemools gouf et nieft 12 Butteker och nach e grousse Match-Supermarché.[1] Et war déi éischt Kéier, datt d'belsch Chaîne e Buttek zu Lëtzebuerg opgemaach huet.[6]

Am Laf vun de Jore gouf den Akafszentrum e puer Mol ausgebaut. 1982 gouf et scho 25 Butteker op enger Verkafsfläch vu 15.000 Quadratmeter. 1995 koum et zu enger neier Erweiderung, an aus der "Concorde" ass d'"City Concorde" ginn. Du gouf et op 50.000 Quadratmeter scho 95 Butteker. 2009 gouf de Cora an de Kleederbuttek "Bram" vergréissert an et koumen 2.500 Parkplazen dobäi.[1]

Déi lescht grouss Erweiderung war an de Joren 2016 bis 2018, wéi d'Verkafsfläch ëm eng weider 5000 Quadratmeter op am Ganze 50.000 Quadratmeter vergréissert gouf. Esou gouf Plaz fir ronn 20 nei Butteker gemaach.[7] Bei den Aarbechte goufen d'Haaptagäng duerch eng zweestäckeg Glasfassad accentuéiert.[8] Donieft ass och eng zweestäckeg Déifgarage gebaut ginn. Dat Ganzt huet ronn 50 Milliounen Euro kascht.[9]

De 24. Juni 1997 gouf e Sécherheetsmann wärend engem Geldtransport bei engem Iwwerfall an der City Concorde erschoss. Den Täter gouf eréischt dräizéng Joer méi spéit identifizéiert an 2019 zu 22 Joer Prisong verurteelt.[10],[11]

De Match gouf ëm 2001/02 mat engem Cora ersat[12], dee wéi de Match zum belsche Grupp Louis Delhaize gehéiert huet. Deen huet 2023 seng Aktivitéiten zu Lëtzebuerg verkaaft an d'Joer drop gouf de Cora mat engem franséischen E.Leclerc ersat.[13]

De gréisste Kleederbuttek am Akafszentrum, de Bram, war schonn 1984 un déi däitsch Firma Konen verkaaft ginn, déi e grousse Buttek zu München huet. 2023 huet Breuninger, eng aner däitsch Ketten, d'Enteprise Konen an domat de Bram opkaaft an den Numm zu "Bram by Breuninger" geännert.[14],[15]

En 2024 huet den Direkter vun der City Concorde annoncéiert, och nach en "Entertainment Center" mat ënner anerem enger Bowling-Piste wëllen opzemaachen.[7]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. 1,0 1,1 1,2 paperjam.lu: 50 millions d’investissements pour City Concorde vum France Clarinval (23. Mäerz 2015)
  2. land.lu: Un monde parfait vum Bernard Thomas (26. August 2016)
  3. lequotidien.lu: -etre-le-centre-le-plus-populaire-dans-tous-les-segments/ City Concorde : «Être le centre le plus populaire dans tous les segments» vum Morgan Kervestin (4. Oktober 2024)
  4. adada.lu: City Concorde célèbre 50 ans d’existence dans celle des Luxembourgeois avec un film de marque signé Neon Internet et HAVE Films (15. Mee 2024)
  5. virgule.lu: Depuis 50 ans, l’essor des centres commerciaux au Grand-Duché vum Pascal Mittelberger (18. August 2024)
  6. paperjam.lu: Commerce : Belle de Match à Capellen vum Alain Ducat (24. Mäerz 2006)
  7. 7,0 7,1 : Bertrand Lecante: «Ouvrir le City Concorde à d’autres publics» vum Pierre Théobald (16. Juli 2024)
  8. wwplus.eu: Lifestyle center 'City Concorde' Bertrange (LUX) (gekuct den 22. Januar 2025)
  9. lessentiel.lu: Ausbau der City Concorde geht in die nächste Runde (5. Mee 2017)
  10. wort.lu: Concorde-Überfall von 1997: Es kommt zum Urteil vum (29. Januar 2019)
  11. : Concorde-Überfall: 22 Jahre Haft (29. Januar 2019)
  12. (de) Aus Match wird Cora. Revue. viewer.eluxemburgensia.lu (23.05.2001). Gekuckt den 22.01.2025.
  13. virgule.lu: Le Cora Concorde est le premier à passer sous l’enseigne E. Leclerc vum Mélodie Mouzon (13. Mäerz 2024)
  14. paperjam.lu: Bram: la cinquantaine hurlante vum Florence Reinson (8. Dezember 2006)
  15. parfuemerienachrichten.de: Breuninger übernimmt Modehäuser KONEN und BRAM (1. Juni 2021)