Citybus Diddeleng
|
E Bus vun der Linn 8 an der Niddeschgaass zu Diddeleng (2023) | |
| Typ | Busreseau |
|---|---|
| Land | Lëtzebuerg |
| Gemeng | Diddeleng |
| Bedreiwer | Voyages Émile Weber |
| Linnen | 4 |
| Statiounen | 70 |
| Websäit | |
|
| |
|
| |
De Citybus Diddeleng ass e kommunale Citybus-Reseau an der Gemeng Diddeleng, dee komplementar zu den TICE- an RGTR-Reseaue funktionéiert. E besteet aus véier Linnen déi all Dag fueren.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]De Citybus Diddeleng gouf 1999 agefouert[1] a bestoung sengerzäit aus den dräi TICE-Linnen 8, 9 an 10. Eng véiert Linn ënnert kommunaler Regie, d'Linn DudBus1, och nach Champs - Vallée genannt, ass den 1. Februar 2023 opgaangen.[2]
Zënter der Reorganisatioun vum TICE an de Buslinnen am Süde vu Lëtzebuerg de 14. Dezember 2025, ginn déi véier Linne vum Diddelenger Citybus komplett vun der Gemeng Diddeleng geréiert[3]. Déi ursprénglech Trajeten a Linnennummere goufe bäibehalen.
Reseau
[änneren | Quelltext änneren]De Reseau vum Diddelenger Citybus besteet aus véier Linnen (DudBus1, Bus 8, Bus 9 a Bus 10) déi wiertes (Méindeg bis Samschdeg) all hallef Stonn tëscht mueres 6 Auer an Hallefnuecht a sonndes all Stonn tëscht 8 an 23 Auer fueren.
De Service gëtt vun der Firma Voyages Émile Weber vu Kanech assuréiert.
Linnen
[änneren | Quelltext änneren]Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Citybus Diddeleng – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Polemik um Privatisierung: Das sagen die Fahrgäste über die Düdelinger Citybusse, wort.lu, 06.03.2025
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ (de) Zehn Fragen zum City Bus in.... Revue (17.09.2003). Gekuckt de 04.12.2025.
- ↑ Publication de Ville de Dudelange. facebook.com (06.01.2023). Gekuckt de 04.12.2025.
- ↑ Le Citybus bientôt géré par la Ville de Dudelange. Ville de Dudelange. Gekuckt de 04.12.2025.
