Citybus Ettelbréck
![]() E Gefier vum Ettelbrécker Citybus am Asaz op der Stater Linn 23 | |
Typ | Busreseau |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Ettelbréck |
Bedreiwer | Gemeng Ettelbréck |
Opgaang | 1996 |
Linnen | 2 |
Statiounen | 24 |
Websäit |
https://ettelbruck.lu/citoyen/services-au-citoyen/mobilite/city-bus-nordstadbus/ |
![]() Reseau vum Citybus Ettelbréck | |
![]() |
De Citybus Ettelbréck (eege Schreifweis City Bus) ass e kommunale Citybus-Reseau an der Gemeng Ettelbréck, dee komplementar zum RGTR-Reseau funktionéiert. E besteet aus zwou Linnen déi wiertes (Méindeg bis Samschdeg) all hallef Stonn fueren.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]De Citybus zu Ettelbréck gouf 1996 agefouert fir d'Uertschaft Waarken an d'Quartiere Lopert a Bëschel mam Zentrum an der Gare ze verbannen. Den Objektiv ass et, fir de Leit déi keen Auto hunn z'erméiglechen an d'Stad ze fueren, oder fir déi aner dozou ze beweege fir d'Liewensqualitéit op den Auto ze verzichten.
Reseau
[änneren | Quelltext änneren]De Reseau vum Ettelbrécker Citybus besteet aus zwou Linnen (1, 2) déi vu méindes bis samschdes vum Terminus bei der Gare vun Ettelbréck aus fortfueren. Et sinn all kéiers Ronnfaarten, an de Fuerplang ass deelweis op dee vum Zuch ugepasst. Fir d'Linn 1 „Moor“ gëtt et zwou a fir d'Linn 2 „Lopert“ dräi Variante vum Trajet, sou datt net all Halt op all Faart ugefuer gëtt.
De Service gëtt vun der Firma WEmobility (virdrun: Voyages Wagener vu Mäerzeg) assuréiert.
Linnen
[änneren | Quelltext änneren]Linn | Trajet | Wochendeeg | Takt | Bemierkung |
---|---|---|---|---|
![]() |
Gare - Moor - Cité Thill - Hall Omnisports - Bëschel - Gare | Méindeg – Samschdeg | 30' | Uschloss op den RB-Zuch xx:28 an xx:58 a Richtung Lëtzebuerg |
![]() |
Gare - Lopert - Camping - Gare | Méindeg – Samschdeg | 30' | Uschloss op den RB-Zuch xx:58 a Richtung Lëtzebuerg |
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]![]() |
Commons: Citybus Ettelbréck – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- City Bus & Co. – Mobilität vor der Haustür, Revue, nº 38 (17.09.2003), S. 18., (gekuckt den 8. Mee 2025)
- De Citybus Ettelbréck op der Säit vun der Gemeng Ettelbréck (gekuckt den 8. Mee 2025)