Claire Thill
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Claire Thill | |
---|---|
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Schauspiller |
Member vun | A:LL Schrëftsteller*innen |
D'Claire Thill ass eng lëtzebuergesch Schauspillerin.
No hirem Secondaire am Lycée Hubert-Clément zu Esch-Uelzecht, huet si hir Ausbildung als Schauspillerin zu London a Paräis an der Royal Central School of Speech and Drama, am Queen Mary & Westfield College an der International School of Theatre Philippe Gaulier gemaach. Hir professionell Debuten hat d'Claire Thill duerno zu Paräis. Zanterhier schafft si haaptsächlech als Schauspillerin zu Lëtzebuerg, an England an a Frankräich. Am Theater huet si ënner anerem ënner der Regie vum Michel Didym, der Deborah Warner, dem Joyce Henderson, dem Frank Hoffmann an der Jacqueline Posing-Van Dyck gespillt.
D'Claire ass Grënnungsmember vun der franséischer Compagnie ZACLAMA!, eng Trupp, déi sech haaptsächlech op kollektiv Kreatioune spezialiséiert huet a vill kreativ Stiler op der Bün vermëscht (Masken, Commedie dell'Arte, Clown, Danz. Physical Theatre, Marionetten etc...).
Si gehéiert och zu der Grënnungsequipe vum Lëtzebuerger Kollektiv Independent Little Lies. Am Kino war si ënner anerem a Filmer vum Pol Cruchten, Michael Radford a Lukas Erni ze gesinn.
2005 krut si eng Bourse fir um "Internationales Forum junger Bühnenangehöriger" am Kader vum Theatertreffen zu Berlin deelzehuelen.
2010 war si als Lëtzebuerger Schauspillerin beim Talentcampus op der Berlinale dobäi.[1]
Nieft hirer Aktivitéit als Schauspillerin, inzeenéiert si och. D'Produktioun Dance Play vun der portugisescher Schrëftstellerin Ana Mendes huet 2013 de Publikumspräis beim 100° Festival an de Sophiensäle zu Berlin gewonnen.
Filmographie
[änneren | Quelltext änneren]- 2006: She.He.It, vum Christian Neuman (Video)
- 2006: Perl oder Pica, vum Pol Cruchten mam Ben Hoscheit, André Jung an Nicole Max
- 2007: Flawless, vum Michael Radford mam Demi Moore a Michael Caine
- 2007: Save Angel Hope, vum Lukas Erni mam Billy Boyd
- 2007: Räuberinnen, vum Carla Lia Monti mam Nina Buehlmann, Myriam Muller a Sascha Ley
- 2009: ...Dawning, vum Ben Andrews mam Julian Nest an Jules Werner (Kuerzfilm)
- 2010: Trouble No More, vum Andy Bausch mam Marco Lorenzini, Ender Frings an Nicole Max
- 2010: La très excellente et divertissante histoire de François Rabelais, vum Hervé Baslé mam Michel Aumont a Bernadette Lafont
- 2011: The Prodigies, vum Antoine Charreyron mam Jeffrey Evan Thomas
- 2013: D'Fifties, vum Andy Bausch (Dokumentarfilm)