Buffalo C. Wayne

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Claude P.M. Weber)
Buffalo C. Wayne
Gebuertsnumm Claude Weber
Gebuer 23. Februar 1953
Ettelbréck
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Sänger

De Buffalo C. Wayne, eigentlech Claude P.M. Weber, gebuer den 23. Februar 1953 zu Ettelbréck, ass e lëtzebuergesche Countrymusek-Sänger a Lidderschreiwer.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Hien huet schonn als Kand duerch de Kontakt mat amerikanesche Frënn englesch geléiert a konnt sech mat Countrymusek familiariséieren. Well hien eng kënschtleresch Natur hat, huet en decidéiert och Country-Museker ze ginn a huet ugefaangen, sech selwer d'Gittarspillen an d'Sange bäizebréngen. Nieft der Musek hat en och e grousst Talent fir d'Zeechnen a Molen, dat e spéider och weider entwéckelt huet.

No engem Ofschloss op Beaux-Arts zu Lëtzebuerg an engem Studium op der Fachhéichschoul zu Tréier huet hien 1980 e Studium zu Paräis op der École Supérieure des Arts et techniques de la Mode (ESMOD) ugefaangen, dat en als diploméierte Stylist ofgeschloss huet.

Hien hat, zesumme mat senger Band, Optrëtter an Tournéeën a villen europäesche Länner an an den USA. An den USA huet hie vu sengem Frënd Lyle Lovett, deen en an engem Pub zu Lëtzebuerg kenne geléiert hat, den Numm The European Texan kritt, deen doropshi vun der Musekspress benotzt gouf. An Europa hat en et mat senger Musek, déi e gréisstendeels selwer geschriwwen huet, méi schwéier, well d'Country-Musek net de selwechte Stellewäert hat wéi an den USA an en huet tëscht sengen Optrëtter ëmmer nees missen op aner Aarbechten zeréckgräife fir z'iwwerliewen.

Seng Musek huet en ënner dem Label Black Bison Records selwer verëffentlecht.

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

  • 1983, Willie, Waylon and Me/D'Ballad vum Bankräiber (Single)
  • 1985, Concert fir Afrika (LP)
  • 1985, The European Texan (LP)
  • 1986, Wir sind frei, ANIMALS, Greenpeace- (Single)
  • 1990, S.T.A.R.M.A.K.E.R. (CD)
  • 1991, Rock um Knuedler Vol. 1, Lidd 4 + 5 (CD)
  • 1993, Live in Europe 1983-1993 (CD) Oosterhout, NL
  • 1999, Geronimo (CD)
  • 2000, Dedicated to you: the Best of...Vol.1 (CD)
  • 2003, Gunflower (CD + Video-CD Rom)
  • 2008, Soulblood: the Best of..Vol.2 (CD, zesumme mam Buch Büffelherz)
  • 2010, Wild Horses (CD) Country Music For Horse Riding, BOBMEDIA (Youtube/ I-tunes)
  • 2014, Nei Gebuer (CD) SaarLorLux-Rock, Black Bison Records

Documentaire[änneren | Quelltext änneren]

2015 koum en Dokumentarfilm vum Ralf Hess iwwer de Buffalo C. Wayne eraus: Buffalo C. Wayne - Roude Léiw mam Cowboy's Hutt

Bibliographie[änneren | Quelltext änneren]

  • Wayne, Buffalo C., Büffelherz, Luxemburger Texaner rockt um die Welt, mat CD, 2008, Éditions Schortgen

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]