Claude Wiseler

Vu Wikipedia
Claude Wiseler
Gebuer 30. Januar 1960
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Stater Kolléisch
Aktivitéit Politiker
Partei CSV
Member vun Parlamentaresch Versammlung vum Europarot
Famill
Bestuet mat Isabel Santos-Lima

De Claude Wiseler, gebuer den 30. Januar 1960 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Politiker (CSV). Hien ass zanter dem 21. November 2023 President vun der Chamber[1].

Berufflech Karriär[änneren | Quelltext änneren]

No sengem Secondaire am Stater Kolléisch huet de Claude Wiseler op der Sorbonne franséisch Literatur studéiert.

Tëscht 1983 a 1987 war de Claude Wiseler Stagiaire am Kolléisch an an engem Lycée technique. Säi Mémoire scientifique, deen am Kader vum Stage verlaangt gouf, huet hien 1985 iwwer L'action et la politique dans l'oeuvre de Pierre Drieu La Rochelle mat Erfolleg verdeedegt (383 S.). Duerno gouf hie Sproocheprofesser am Lycée technique du Centre. Hien ass awer relativ séier an den Erzéiungsministère gewiesselt, wou hie Professeur-attaché beim Fernand Boden gouf. Niewelaanscht huet hien un enger Dokterthees geschafft, déi hien 1989 ofgeschloss huet. Vun 1989 bis 1999 huet hien am Familljeministère an am Ministère fir Mëttelstand an Tourismus als Conseiller vun der Regierung geschafft.

Politesch Karriär[änneren | Quelltext änneren]

Hie gouf 1999 op der CSV-Lëscht eng éischt Kéier an d'Chamber gewielt an zanterhier allkéiers erëmgewielt, zulescht bei de Chamberwale vum 8. Oktober 2023[2]. Hie war vun Oktober 2014, an der Nofolleg vum Jean-Claude Juncker[3] , bis Dezember 2018[4] Fraktiounspresident vun der CSV (an domat der deemools gréisster Oppositiounspartei). No de Wale vun 2023 gouf de Claude Wiseler zum Chamberpresident gewielt.

Tëscht 2004 an 2009 war hie Minister vun der Fonction publique a Verwaltungsreform a Bauteminister an der Regierung Juncker-Asselborn I. An der Regierung Juncker-Asselborn II war hie vun 2009 bis 2013 Minister fir Nohalteg Entwécklung mat de Ressorte Bauten, Transport, Ëmwelt a Landesplanung.

Vun 2000 bis 2004 war de Claude Wiseler Schäffe vun der Stad Lëtzebuerg.

De Claude Wiseler war tëscht 1995 an 2000 Generalsekretär vu senger Partei. Tëscht November 2009 a Januar 2014 war hien, zesumme mat der Octavie Modert, Vizepresident vun der CSV. Vum 24. Abrëll 2021[5] bis de 27. November 2023 war hie Parteipresident (2022-2023 zesumme mat der Elisabeth Margue).[6]

Privates[änneren | Quelltext änneren]

De Claude Wiseler ass mat der Isabel Santos-Lima, enger Sproocheprofessesch um Fieldgen an Europadeputéiert, bestuet a Papp vun 3 Kanner.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Claude Wiseler – Biller, Videoen oder Audiodateien
Virgänger:
Camille Dimmer
Generalsekretär vun der CSV
1995 - 2000
Nofollger:
Jean-Louis Schiltz


Referenzen[Quelltext änneren]

  1. (fr)Claude Wiseler élu nouveau Président. Chambre des députés du grand-duché de Luxembourg. Gekuckt de(n) 2023-11-21.
  2. elections.lu.
  3. ["Claude Wiseler sera chef de fraction en octobre." L'essentiel, 1. Juli 2014, S.3.
  4. "Martine Hansen ist neue CSV-Fraktionschefin." wort.lu, 5.12.2018.
  5. Pierre Jans, Jeannot Ries: "Digitalen CSV-Kongress: Claude Wiseler mat grousser Zoustëmmung neie Parteipresident." rtl.lu, 24.04.2021.
  6. "Claude Wiseler demissionéiert als Co-Parteipresident vun der CSV." rt.lu, 27.11.2023.
  7. Compte rendu des séances publiques n° 17 session 2003-2004