Bal (Theaterstéck)

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Claudine Bal)

Bal ass en Danz-Theaterstéck vun der Choreographin Simone Mousset aus dem Joer 2017, dat de 25. Abrëll 2017 am Mierscher Kulturhaus uropgefouert gouf.

Gedanzt gouf d'Stéck vun der Simone Mousset an der Elisabeth Schilling, d'Musék war vum Maurizio Spiridigliozzi an d'Kostümer vun der Mélanie Planchard.

Bal ass eng Koproduktioun vun “TROIS C-L-Centre de Création Chorégraphique Luxembourgeois”.

Ëm wat geet et am Stéck?[änneren | Quelltext änneren]

Et handelt sech ëm e pseudo-dokumentaresche Ballet, mat Dänz, déi zwou (fiktiv) Schwësteren, d'Joséphine an d'Claudine Bal vu Brouderbuer mat hirem “Ballet national folklorique du Luxembourg” an den 1960er/1970er Joren opgefouert sollen hunn.

Receptioun[änneren | Quelltext änneren]

D'Stéck gouf der Ëffentlechkeet virgestallt, wéi wann et op tatsächleche Kreatioune vu reale Persounen - den zwou Sëschteren - baséiere géif. Et goufe falsch Liewensgeschichte vun de Schwëstere lancéiert: De "Ballet national folklorique du Luxembourg" wier zu Bréissel gegrënnt ginn, hätt an den 1960er an 1970er Jore grousse Succès gehat, absënns a Spuenien an an Turkmenistan. Wärend enger Tournée 1976 an Turkmenistan wieren d'Sëschtere verschwonnen ouni Spueren ze hannerloossen. D'Police hätt den Dossier duerno klasséiert.

D'Geschicht gouf och an der Press méi oder manner grouss opgeholl, besonnesch well et sech dach ëm Lëtzebuerger “Heldinnen” gehandelt huet, iwwer déi bis ewell nach net vill gewosst war. Eréischt méi spéit huet ë. a. d'Journalistin Marie-Laure Rolland de Schwindel opgedeckt a missen zouginn, datt och si an d'Fal vun der Falschmeldung gefall war déi gestallt gi war.

Am Kader vun der Uropféierung vum Stéck war eng Ausstellung am Kulturhaus organiséiert ginn, wou Fotoen an Zeitungsartikelen aus der Zäit vun de Bal-Schwësteren ze gesi waren. All déi Dokumenter ware mat Hëllef vum Kulturhaus “gefälscht” ginn[1].

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Huet et am Ufank nach geheescht, d'Stater Fotothéik hätt bei der Fälschung gehollef, sou huet d'Stad Lëtzebuerg dat awer méi spéit dementéiert. Kuckt dozou den Artikel La vérité dans l'affaire Bal: précision am Luxemburger Wort vum 17. Mee 2017, S. 17