Clementine (Sond)

Vu Wikipedia
Clementine (Äerdmoundsond)
Missiounszil Äerdmound
Client US-Verdeedegungsministère
Drorakéit Titan 23G
Startmass 424 kg (inklusiv Dreifstoff)
Startdatum 25. Januar 1994
Startramp Vandenberg Air Force Base
Enddatum 14. Mee 1994
D'Clementine virum Start

Clementine war eng US-amerikanesch Raumsond, déi 1994 den Äerdmound ausgefuerscht hat.

Missioun[änneren | Quelltext änneren]

Mat der Sond Clementine déi vum Naval Research Laboratory gebaut gouf, wollt de Verdeedegungsministère vun de Vereenegte Staaten eng nei Generatioun vu Kameraen, Solarzellen an aner Instrumenter testen. Als Zilobjet gouf de Mound erausgesicht. Zanter dem Explorer 49 am Joer 1973 hat keng US-Sond méi de Mound ugeflunn. Mat engem Swing-bymanöver beim Mound sollt d'Sond spéider aus dem Äerdschwéierfeld katapultéiert ginn an den Asteroid (1620) Geographos erfuerschen. Fir déi Missioun huet den US-Verdeedegungsministère du mat der NASA zesummegeschafft. Et waren och Systemer aus Frankräich vertrueden. D'Sond hat 80 Milliounen US-Dollar kascht an hat e Gewiicht vu 424 kg.

Verlaf[änneren | Quelltext änneren]

D'Clementine ass de 25. Januar 1994 mat enger Titan 23G gestart. Et war déi éischt Raumsond, déi vun der Vandenberg Air Force Base a Kalifornien gestart gouf. Si hat den 19. Februar eng polar Ëmlafbunn ëm den Äerdmound erreecht. D'Sond hat bis Mee ronn 95% vun der Mounduewerfläch kartéiert (am Ganze ronn 1,6 Milliounen Eenzelbiller). Wéinst enger Computerpann gouf de 7. Mee d'Missioun fir den Asteroid (1620) Geographos z'erfuerschen ofgebrach. Déi feelerhaft Dreifwierkzündung hat d'Sond an eng Eegerotatioun vun 80 Ëmdréiunge pro Minutt versat. Duerno gouf d'Sond op eng Bunn ëm d'Äerd gefouert, fir e puer Instrumenter am Fluch duerch d'Van-Allen-Ceinture z'ënnersichen. Am Juni 1994 huet d'Sond du komplett versot.

Resultater[änneren | Quelltext änneren]

Nieft de ville Fotoen hu besonnesch 1996 publizéiert Hiweiser op Waasseräis um Moundsüdpol fir Interessi an der Fuerschung gesuergt. Déi Hiweiser ware mat Hëllef vu Radarmiessunge festgestallt ginn. Si gouf als sou bedeitend aklasséiert, datt eng weider Sond fir op de Mound ënner dem Numm Lunar Prospector bei der NASA virgeschloen a bewëllegt gouf.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Ben Bussey, Paul Spudis: The Clementine atlas of the moon. Cambridge Univ. Press, Cambridge 2003, ISBN 0-521-81528-2

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]