Clementine Witry-Schmit
| Clementine Witry-Schmit | |
|---|---|
| Gebuertsnumm | Marie-Clementine Schmit |
| Gebuer |
1868 Paräis |
| Gestuerwen |
30. November 1946 Sandweiler |
| Alter | 77 / 78 Joer |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Gastronomin |
|
| |
D'Marie-Clementine Witry-Schmit, gebuer 1868[1] zu Paräis[2], a gestuerwen den 30. November 1946 zu Sandweiler[3], war eng lëtzebuergesch Wiertsfra a Sammlerin vu Vollekslidder.
D'Clementine Schmit, genannt Burtsche Clëmm[1], ass mat kierperleche Gebriechen op d'Welt komm a war als Kand dacks krank. Trotzdeem war si gutt an der Schoul a goung vun 1883 bis 1884 an d'Dikrecher Pensionnat des religieuses chrétiennes. Si wollt op d'Léierinnennormalschoul goen,fir Léierin ze ginn, ma well hir déi riets Hand gefeelt huet, gouf si do net opgeholl. 1880 war si bei der Grënnung vum Stroossener Gesangsveräin derbäi. Hire Papp hat zu Stroossen eng Wiertschaft an der Areler Strooss[1], an do huet si sou munch Spréch a Lidder opgegraff. 1901 huet si sech mam Schmadd Jean-Pierre Witry bestuet, an huet mat him zesummen d'Wiertschaft vum Papp iwwerholl.[2]
D'Clementine Witry-Schmit gouf vum Batty Weber am Abreißkalender als „ons Letzeburger Nuechtegeilchen“ portraitéiert[4], a si huet 1925 der Zäitschrëft De Gukuk hir Sammlung vu Vollekslidder zur Dispositioun gestallt.[5]
Den Nicolas Pletschette an de Mathias Thill hunn a verschiddene vun hire Publikatiounen op hir Kollektioun zeréckgegraff[2].
Fir u si z'erënneren, gouf zu Stroossen eng Strooss no hir genannt[6].
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Nic Pletschette: "Clementine Witry-Schmit." In: Annuaire de la Section de Linguistique, de folklore et de toponymie de l'Institut Grand-ducal 1947.
Referenzen
[Quelltext änneren]- 1 2 3 Café Witry-Schmit Stroossen. industrie.lu (nogekuckt: 21.05.2026).
- 1 2 3 Cornel Meder: "Drei Luxemburger Folkloristen : Mathias Thill, Clementine Witry-Schmit, Nicolas Pletschette." Revue. - Luxembourg Jg. 22(1966), Nr. 39, p. 21-25 [Numérisé par la Bibliothèque nationale du Luxembourg].
- ↑ Avis mortuaire 13 p.7. Luxemburger Wort, 1946. Jg., nº 337 (03.12.1946), p. 7 [Numérisé par la Bibliothèque nationale du Luxembourg].
- ↑ Nr.2935, 16.07.1925.
- ↑ ’T Madame Witry-Schmit vu Strôßen. In: De Gukuk, 5. Jg., nº 179 (09.01.1926), p. 2 [Numérisé par la Bibliothèque nationale du Luxembourg].
- ↑ L-8030, Lokalisatioun op geoportail.lu.
