Op den Inhalt sprangen

Clierf-Our-Verbindung

Vu Wikipedia
Clierf-Our-Verbindung
D'Schlass vu Klierf
Iwwersiicht vum Pad
vu(n) Clierf
op Clierf
Längt 17,15 km
déifste Punkt Rueder
héchste Punkt Maarnech
Land Lëtzebuerg
féiert duerch Clierf

D'Clierf-Our-Verbindung, offiziell Sentier pédestre national « Relais Clervaux-Our », ass ee vun den nationale Wanderweeër zu Lëtzebuerg.

De Pad ass 17,15 km laang a féiert als Circuit vu Clierf op Clierf. Den déifste Punkt (277 m) ass zu Rueder (Kënzelbaach) an den héchsten (521 m) zu Maarnech (Haaptstrooss).[1]

E féiert laanscht oder duerch follgend Uertschaften: Clierf, Reiler, Fëschbech, Rueder, Maarnech, Reiler, Clierf. Informatiounspanneaue gëtt et zu Clierf, Fëschbech a Rueder.

 Commons: Clierf-Our-Verbindung – Biller, Videoen an Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. ↑ Informatiounen op Geoportail.lu