Cliffhanger
Ausgesinn
Cliffhanger bezeechent eng Erzieltechnik, déi dora besteet, e Kapitel oder e Feuilleton vun engem (Fortsetzungs-)roman, enger Bande-dessinée oder enger Televisiounsserie mat enger Zeen opzehalen, an där ee Personnage, meeschtens den Haaptpersonnage, an enger dramatescher Situatioun ass, aus där et wéi et schéngt keen Auswee gëtt, oder wou eng Revelatioun gemaach gëtt, déi d'Geschicht, wéi se bis dohi war, op d'Kopp geheit.
D'Technik, fir op op déi Manéier eng Suspenz ze provozéieren, gëtt virun allem agesat, fir de Lieser oder Spectateur bei der Staang ze halen an en ze motivéieren, sech d'Zeitung oder Zäitschrëft mat der nächster Episod ze kafen, respektiv déi nächst Episod ze kucken, well e virwëtzeg ass, wéi d'Geschicht virugeet.