Op den Inhalt sprangen

Club Gaïda

Vu Wikipedia
Club Gaïda
Rechtsform Association sans but lucratif
Zweck Kulturveräin
Grënnungsdatum 25. Juli 2013
Sëtz Lëtzebuerg
  10, Sentier Bricherhof

De Club Gaïda ass eng lëtzebuergesch ASBL mat Sëtz um Weimeschhaff, déi Bulgarien a seng Kultur zu Lëtzebuerg bekannt maache wëll.

De Veräin ass am Joer 2009 als de facto Associatioun ënnert dem Numm Club culturel Gaïda an d'Liewe geruff ginn; d'ASBL gouf de 25. Juli 2013 gegrënnt. Den Numm vum Veräi geet op dat traditionellt Museksinstrument Gaïda zeréck[1].

Member ka jiddweree ginn, dee sech fir Bulgarien intresséiert.

Aktivitéiten

[änneren | Quelltext änneren]
  • Organisatioun vu Concerte[2]
  • Coursë vun traditionelle, bulgareschen Dänz
  • Organisatioun vun Theemenowenter.

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. D'Gaïda ass eng Zort Duddelsak a gehéiert zur Klass vun den Aerophonen.
  2. Déi éischt Aktivitéit fir de Club no bausse virzestellen, war de Concert "World Jazz Experience" den 2. Oktober 2009 zu Veianen am Ancien Cinéma mat dem bekannte bulgaresche Museker Boris Dinev (Perkussionist vum OPL) an dem Klarinettist, Flutist a Gaïda-Spiller Emmanuel Frin.