Club culturel Gaïda

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

De Club culturel Gaïda ass eng de facto Associatioun mat Sëtz zu Stroossen, deen d'Land Bulgarien a seng Kultur zu Lëtzebuerg wëllt bekannt maachen. De Veräi gouf am Joer 2009 gegrënnt a gouf nom traditionelle Museksinstrument Gaïda[1] gedeeft. Member ka jiddweree ginn, dee sech fir Bulgarien intresséiert.

Aktivitéiten[änneren | Quelltext änneren]

  • Organisatioun vu Concerte[2]
  • Course vu traditionelle, bulgaresche Dänz
  • Organisatioun vu Themenowenter.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. D'Gaïda ass eng Zort Duddelsak a gehéiert zur Klass vun den Aerophonen.
  2. Déi éischt Aktivitéit fir de Club no baussen virzestellen war de Concert "World Jazz Experience" den 2. Oktober 2009 zu Veianen am Ancien Cinéma mat dem bekannte bulgaresche Museker Boris Dinev (Perkussionist vum OPL) an dem Klarinettist, Flutist a Gaïda-Spiller Emmanuel Frin.