Cobreville

Vu Wikipedia
Cobreville
Cobreville (2014)
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Lëtzebuerg
Arrondissement Baaschtnech
Gemeng Vaux-sur-Sûre
Awunner 242 (2012)
Koordinaten 49° 54’ 52.89’’ N
      05° 36’ 35.97’’ O
Postcode 6640

Cobreville ass eng Uertschaft an der belscher Gemeng Vaux-sur-Sûre an der Provënz Lëtzebuerg.

Bis zur Gemengefusioun mat Vaux am Joer 1970 war Cobreville eng Sektioun vun der Gemeng Nives déi am Joer 1795 aus dem Zesummeschloss vu Cobreville, Sûre, Nives a Vaux-lez-Rosières entstane war.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Tëscht Cobreville a Remoiville gouf et fréier eng Gierwerei um Uwänner vum Ruisseau de Beulet, un déi haut nach just de Lieu-dit La Tannerie an dat verfalent Gebai erënneren.

Zu Cobreville stoung och vun op d'mannst vum 15. Joerhonnert bis 1857 wéi et ewechgerappt gouf, e Schlass dat am Ufank den Häre vu Cobreville mat dem bekanntsten dervun dem Jean de Cobreville an duerno vun ëm déi 1650 un der Famill de Harbonnier gehéiert huet.

D'Schlass vu Cobraiville an der Märei vu Chaumont déi zu der Vogtei Baaschtnech gehéiert huet war de Sëtz vun der Seigneurerie mam selwechten Numm, zu där deemools aacht Uertschafte gehéiert hunn, an zwar Cobreville, Nives, déi zwee Rosièren, Vaux, Sûre, Remoiville a Remichampagne.

Déi lescht Häre vu Cobreville goufen all zu Nives begruewen, wou nach d'Grafplacken ze gesi sinn.

Numm[änneren | Quelltext änneren]

Den Numm Cobreville kënnt dohier well zur Réimerzäit eng Geessenziichterei do war. Wéi 1857 D'Schlass ofgerappt gouf fir en neien Haff opzeriichten, goufen Zilleniewe fonnt, déi héchstwahrscheinlech zu engem Hypokaustum gehéiert hunn. Bei archeologesche Gruewungen ëm 1880 goufe Grafurnen aus der galoo-réimescher Zäit an aus dem fréie Mëttelalter fonnt.

Aus der réimescher Geessenziichterei Caprile Villae ass am Laf vun der Zäit Caprileville, Cabriville, Cabraiville, Cobraiville a schliisslech am 12. Joerhonnert Cobréville ginn.