Code de la route (Lëtzebuerg)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel gehéiert zur Serie vun den Droits-Artikelen. Dës Explikatioune bezéie sech am Prinzip just op dat lëtzebuergescht Recht. Ënner Ëmstänn goufen déi lescht Changementer an der Legislatioun an/oder der Jurisprudenz nach net berécksichtegt. Et handelt sech och net ëm e juristesche Rot, mä ëm eng vereinfacht Duerstellung fir Laien. A konkreete Fäll soll ee sech ëmmer un en Affekot wennen!
Den éischte Lëtzebuerger „Code de la route“ am Memorial vun 1897

De Code de la route ass den Numm vun engem Buch mat de Verkéiersreegelen, wéi se zu Lëtzebuerg gëllen, an dat vun der Asbl Sécurité routière erausgi gëtt. Dësen Numm gëtt gewéinlech metonymesch fir den Ensembel vun deene Reegelen a Gesetzer gebraucht, déi op ëffentleche Stroosse fir déi, déi do ënnerwee sinn, gëllen. Fir verschidden Aarte vu Fortbeweegung (zu Fouss, mam Vëlo, mam Auto, mat engem Camion) gëtt et Reegelen a Gesetzer, déi fir all gëllen, wéi och där, déi just fir déi jeweileg Kategorie applikabel sinn. Dës Reegele si virun allem dofir do, fir fir méi Sécherheet ze suergen, de Verkéiersfloss ze optimiséieren, oder bei Accidenter d'Scholdfro ze reegelen.

De lëtzebuergesche Code de la route, wéi mer en haut kennen, baséiert op engem Gesetz vum 14. Februar 1955[1] an op Ausféierungsbestëmmungen, déi an engem Arrêté grand-ducal vum 23. November 1955 festgehale goufen[2].

Well de Verkéier an d'Technik ëmmer méi komplizéiert gi sinn, hu vun do un d'Upassungen an d'Ëmännerungen ee Kopplabunz nom anere geschloen. De Code de la route wéi et en haut gëtt, ass an engem Texte coordonné zesummegefaasst an déi lescht Ännerung war den 21. August 2017[3].

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

An engem „Katechismus“ vun 1925 waren déi wichtegst Reegele vum Stroosseverkéier resüméiert.

Den 28. August 1897 war verkéierstechnesch e groussen Dag an der Lëtzebuerger Geschicht: op dësen Dag datéiert dat éischt groussherzoglecht Reglement, dat de Verkéier vun der Gefierer, Reider a Vëloen op den ëffentleche Stroosse gereegelt huet[4]. Et war souzesoen d'Gebuertsstonn vum Lëtzebuerger Code de la route.

Verkéiersschëlter wéi mer se haut kennen, waren deemools nach net definéiert. Et goung awer scho rieds vu Panneauen, déi kéinten opgestallt gi fir eng Strooss ze spären.

En cas d'interdiction de circulation ou de barrage de routes ou rues, des écriteaux placés et entretenus par l'autorité qui a décrété la défense à chacune des extrémités des espaces interdits, donnent avis de l'interdiction. (Artikel 10 vum Gesetz vun 1897)

De J. P. Guill, Baukondukter vu Klierf, war sengerzäit der Meenung, datt "trotz enger excellenter Reglementéierung e wëllt Duercherneen am Stroosseverkéier wier an datt e kee Wonner wier, datt d'Zuel vun de Verkéiersaccidenter an erschreckendem Mooss zouhuele géif". Fir ze versichen deem entgéint ze wierken, huet hien 1925 e Bichelche mat de wichtegste Reegele vum Stroosseverkéier erausbruecht[5].

Eng Upassung vum Gesetz vun 1897 gouf et den 18. Mee 1902[6]. Béid Gesetzer goufen duerno den 10. Juni 1932 duerch en neit Gesetz ersat[7], dat du bis 1955 gülteg war, ier et zu enger grousser Revisioun koum.

1960 gouf d'Sécurité routière gegrënnt a se huet vun 1966 un ënnert dem Numm Code de la route populaire e Bichelchen erausbruecht fir datt d'Allgemengheet, absënns déi, déi de Führerschäi maache wëllen, sech iwwer déi komplex Gesetzgebung informéiere kéinten.

De Fürerschäin ass zu Lëtzebuerg zanter 1903 virgeschriwwen. Den éischte Führerschäi gouf de 7. Januar 1907 un den deemools 43 Joer ale Joseph Glesener ausgestallt. En Ingenieur vun der Bauverwaltung war zoustänneg fir ze iwwerpréiwen ob ee fäeg wier fir mat engem Gefier ze fueren[8].

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Loi du 14 février 1955 concernant la réglementation de la circulation sur toutes les voies publiques publizéiert am Memorial A 15 vum 7. Mäerz 1955 (gekuckt op legilux.lu de 6. Mäerz 2018)
  2. Arrêté grand-ducal du 23 novembre 1955 portant règlement de la circulation sur toutes les voies publiques publizéiert am Memorial 66 vum 2. Dezember 1955 (gekuckt op legilux.lu de 6. Mäerz 2018)
  3. Recueil de la légilsation routière op legilux.lu, dem Droitsportal vun der Lëtzebuerger Regierung (gekuckt de 6. Mäerz 2018)
  4. Arrêté grand-ducal du 28 août 1897 portant règlement général sur la circulation des véhicules, cavaliers et vélocipèdes sur les voies publiques publizéiert am Memorial 46 vum 4. September 1897 (gekuckt op legilux.lu de 6. Mäerz 2018)
  5. J. P. Guill, 1925, „Katechismus des öffentlichen Strassenverkehrs im Grossherzogtum Luxemburg: Unentbehrlicher Ratgeber für Behörden, Gerichtspersonen, Polizeibeamte, Fuhrwerkbesitzer, Fahrer und speziell für Kraftfahrer“, Ed. W. Geisbusch, Klierf, 42 S.
  6. Loi du 18 mai 1902 concernant la réglementation de la circulation des véhicules de toute nature sur les voies publiques publizéiert am Memorial 32 vum 23. Mee 1902 (gekuckt op legilux.lu de 6. Mäerz 2018)
  7. Loi du 10 juin 1932 concernant la réglementation de la circulation des véhicules de toute nature sur les voies publiques publizéiert am Memorial 59 vum 29. Oktober 1932 (gekuckt op legilux.lu de 6. Mäerz 2018)
  8. Jacques Ganser, „115 Jahre Führerschein“, um Spaweck