Op den Inhalt sprangen

Codex vum Hammurabi

Vu Wikipedia
De Stäil am Louvre

De Codex vum Hammurabi (och alt Hammurapi) ass e babylonesche Gesetzestext, deen tëscht 1755 a 1750 v. Chr. geschriwwe gouf. Et ass dee längsten, am beschten organiséierten an am beschten erhalene Gesetzestext aus dem anticken Noen Osten. En ass op Akkadesch geschriwwen, engem ale babyloneschen Dialekt, angeeblech vum Hammurabi, dem sechste Kinnek vun der Éischter babylonescher Dynastie. Déi primär Kopie vum Text ass op engem 2,25 m héije Stäil aus Basaltsteen (Diorit) agemeesselt.

De Stäil gouf 1901 zu Susa am haitegen Iran erëmentdeckt, wou e sechshonnert Joer nodeems e geschaf gouf als Beit geholl gouf an da verschwonne war. Den Text selwer gouf vu mesopotamesche Schrëftsteller iwwer ee Joerdausend laang kopéiert a studéiert. De Stäil steet hautdesdaags am Louvre.

D'Spëtzt vum Stäil weist eng Ofbildung am Relief vum Hammurabi mam Schamasch, dem babylonesche Sonnegott a Gott vun der Gerechtegkeet. Ënnert dem Relief sinn ongeféier 4.130 Textzeilen a Käilschrëft: ee Fënneftel besteet aus engem Prolog an Epilog am poetesche Stil, iwwerdeems déi aner véier Fënneftel aus deem Deel bestinn, déi allgemeng als Gesetzestexter gëllen. Am Prolog behaapt den Hammurabi, seng Herrschaft vun de Gëtter kritt ze hunn "fir ze verhënneren, datt déi staark déi Schwaach ënnerdrécken". D'Gesetzer si kasuistesch, ausgedréckt als "wann ... dann" bedéngte Sätz. Si decken eng breet Pallett of, vum Strofrecht iwwer d'Familljerecht, den Droit immobilier an den Droit commercial.

Modern Geléiert si voller Bewonnerung iwwert de Codex wéinst senger Fairness an dem Respekt fir d'Rechtsstaatlechkeet, an der Komplexitéit vun anticker babylonescher Gesellschaft. Et gouf och vill Diskussioun iwwer säin Afloss op d'Mosaescht Gesetz. Geléierter hu séier déi sougenannt lex talionis erëmerkannt - de Prinzip vum "En A fir en A" - deen an deenen zwee drastécht. D'Debatt tëscht Assyriologen dréit sech zënterhier haaptsächlech ëm e puer Aspekter vum Codex: säin Zweck, seng Basisprinzippien, seng Sprooch, a seng Relatioun zu fréieren a spéider Gesetzessammlungen.

Trotz der Onsécherheet ronderëm dës Themen, gëtt den Hammurabi baussent der Assyriologie als eng wichteg Figur an der Gesetzesgeschicht ugesinn an dëst Dokument als e richtege Gesetzescodex. Et gi Replicke vum Stäil a villen Institutiounen, dorënner dem Sëtz vun de Vereenten Natiounen zu New York an dem Pergamonmuseum zu Berlin.

Commons: Codex vum Hammurabi – Biller, Videoen oder Audiodateien