Op den Inhalt sprangen

Collinder 399

Vu Wikipedia
Date vum Collinder 399
Engleschen NummInverted Coat Hanger, Brocchi's Cluster
KatalogbezeechnungenCr 399
Rektaszensioun19 h 25 m
Deklinatioun+20° 11'
EquinoxeJ2000.0
Visuell Magnitude3,6m
Distanz420 Liichtjoer
Wénkelduerchmiesser1 Grad
Absolutten Duerchmiesser7 Liichtjoer
Alter2 108 Joer
Hellste Stär4 Vul 5,2m
Verännerlech Stären?
Zuel vu Stären6- 40
StärebildVulpecula (Vul)

De Collinder 399 oder Brocchis Koup ass en oppene Stärekoup am Stärebild Vulpecula (Fuuss). De Stärekoup besteet physikalesch wuel nëmmen aus de sechs hellen Eenzelstäre mat der Gréissteklass 6 bis 7. De geometreschen Androck vun den hellen Eenzelstären ass de Grond fir den heiansdo gebrauchten Trivialnumm Kleederbigel(koup).

D'Gréisst vum Stärekoup ass ongeféier 1 Grad. Den hellste Stär vum Koup ass de 4 Vul mat enger Hellegkeet vu 5,2 mag, d'Gesamthellegkeet vum Koup ass ronn 3,6 mag.

De Stärekoup gouf an der Literatur fir d'éischt vum Al Sufi am Joer 964 genannt, ass awer net am moderne Standard-Katalog vum Messier, NGC an IC opgeholl. De Per Collinder huet de Koup am Joer 1931 a säi Katalogmat den oppene Stärekéip opgeholl.

de Collinder 399