Columba (Stärebild)

Vu Wikipedia
Date vum Stärebild Columba
Lëtzebuergeschen Numm Dauf
Laténgeschen Numm Columba
Laténgesche Geenitiv Columbae
Laténgesch Ofkierzung Col
Positioun südlechen Himmel
Rektaszensioun 5h 03m bis 6h 40m
Deklinatioun -27°05´ bis -43°05´
Fläch 270 Quadratgrad
Siichtbar op de Breetegraden 41° Nord bis 90° Süd
Observatiounszäitraum
fir Mëtteleuropa
nëmmen deelweis
Zuel vu Stäre mat
Gréisst < 3m
1
Hellste Stär,
Gréisst
α Columbae (Phakt)
2,65m
Meteorstréim -
Nopeschstärebiller
(vun Norden am
Auerzäresënn)
Lepus
Caelum
Sculptor
Puppis
Canis Minor
Kaart vum Stärebild Columba

D'Dauf, laténgesch Columba ass e Stärebild um südleche Stärenhimmel.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

D'Stärebild Columba ass en onopfällegt Bild. Et läit ënner dem Stärebild Lepus a besteet aus enger Rei vu Stären, déi zickzackeg leien. Ee vun de Stären erreecht déi 2. Gréissteklass. Am Stärebild Columba ass den Antapex vun eisem Sonnesystem. D'Sonn mat hire Planéite beweegt sech, relativ zu eise Nopeschstären, mat 20 km/s vun dësem „Punkt“ ewech.

Um Wanterhimmel huet d'Columba ëm Hallefnuecht hir héchste Positioun. Nëmmen déi nërdlechst Stäre vun dësem Bild kucken iwwer de Südhorizont.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Columba gehéiert zu den dräi neie Stärebiller, déi den hollänneschen Astronom an Theolog Petrus Plancius am 17. Joerhonnert agefouert huet.

D'Columba soll de Vull duerstellen, deen dem Jason a sengen Argonauten de Wee duerch déi geféierlech Klippe vum Bosporus gewisen huet.

Himmelsobjeten[änneren | Quelltext änneren]

Stären[änneren | Quelltext änneren]

B F Nimm o. aner Bezeechnungen Gràisst Lj Spektralklass
α Phakt, Phact, Phaet 2,65m 268 B7 IV
β Wezn, Wazn 3,12m 86 K2 III
δ Ghusn al Zaitun 3,85m 237 G7 II
ε 3,86m 277 K1 IIIa
η 3,96m 531 K0 III
γ 4,36m 854 B2.5 IV
κ Al Kurud 4,37m 183 G8 II
ο 4,81m 110 KO/K1 III/IV
λ Tsze 4,88m 342 B5 V
ξ 4,97m 328 K1 III
θ Al Kurud 5,00m 762 B8 IV
μ Columbae 5,18m 1300 O9.5 V
ν2 5,28m 139 F5 V
π2 5,50m 261 A0 V
σ 5,52m 1460 F2 III
72 5,65m 1080 B2 V
ν1 6,15m 145 F0 IV
π1 6,15m 322 Am

De β Columbae, läit 86 Liichtjoer vun eis ewech an ass e giele Stär mat der Spektralklass K2. Den Numm Wezn oder Wazn ass arabesch a bedeit „Gewiicht“.

De Stär μ Columbae gehéiert mat dem AE Aurigae an dem 53 Arietis zu de Runaway-Stären; allen dräi Stäre beweege sech mat héijer Vitess vun der Orion-Associatioun ewech, aus där si viru ronn 2,5 Millioune Joer erausgeschleidert goufen.

Duebelstären[änneren | Quelltext änneren]

System Gréissten Ofstand
α 2,7m/12m 13,5"

Den α Columbae, den hellste Stär an der Columba, ass een Duebelstäresystem op enger Distanz vun 268 Liichtjoer. Den arabeschen Numm „Phakt“ leet sech warscheinlech vun al-fakhita, „d'Dauf“, of.

NGC-Objeten[änneren | Quelltext änneren]

NGC divers Gréisst Typ Numm
1851 7,1m Kugelstärekoup

De Kugelstärekoup NGC 1851 ass ronn 40.000 Liichtjoer vun eis ewech. Dësen Objet gouf am Joer 1828 vum James Dunlop entdeckt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Columba (constellation) – Biller, Videoen oder Audiodateien