Comedie (Film)

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Comedyfilm)

Eng Comedie oder Komödie, heiansdo och Comedy oder Kaméidisfilm genannt, ass e breetgefächerte Genre am Film, deen den Zuschauer duerch witzeg Geschichten oder Personnage soll zum Laache bréngen. Traditionell geet eng Comedie gutt aus (en huet e sougenannten Happy End), och wann dat net ëmmer muss de Fall sinn.

An der Zäit vun de Stommfilmer ware de Slapstick-Filmer, dat heescht d'Schauspiller hunn duerch eng iwwerdriwwe kierperlech Aktivitéit d'Zuschauer zum Laache bruecht. Berüümt dofir sinn zum Beispill de Laurel and Hardy an den Charlie Chaplin. Spéider, mat den Tounfilmer, konnt och d'Situatioun an den Dialog dat humoristesch Element liwweren.

Et gëtt zwee grouss generell Formater: Filmer, déi vun engem grousse Schauspiller oder Komiker geleet ginn, duerch Witzer am richtege Moment a Sketchkomik; a Filmer, déi méi staark op d'Geschicht opbauen a sech duerch Situatiounskomik auszeechnen. Déi zwee Formater kënnen och zesummen an engem Film virkommen oder sech iwwerschneiden.[1]

Eng Comedie erzielt generell eng onbeschwéiert Geschicht a wëll just ameséieren. Heiansdo liwwert se e politeschen oder soziale Kommentar iwwer bestëmmt gesellschaftlech Theme mat engem humoristeschen Ënnertoun.[2]

Am Laf vun der Filmgeschicht hu sech immens vill Ënnergenren entwéckelt, déi meeschten humoristesch Elementer mat deene vun anere Genrë verbannen. D'Tragicomedie mécht d'Verbindung mam Drama, d'Sexcomedie mam Erotikfilm, d'Actioncomedie mam Actionfilm, d'Horrorcomedie mam Horrorfilm an d'romantesch Comedie mam Liebesfilm. Eng Filmparodie mécht de Geck mat anere Filmer an eng Filmsatir ridiculiséiert Persounen, Evenementer oder Zoustänn. E Mockumentary gëtt presentéiert wéi en Documentaire, mä erzielt eng fiktional Geschicht. U sech kann all Filmgenre mat den Elementer vun enger Comedie kombinéiert ginn.[3]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Comedy Films" um Site vum Filmhistoriker Tim Dirks
  2. "Komödie" am Lexikon der Filmbegriffe (24. August 2014)
  3. "Komödie" am film-lexikon.de