Comics

Vu Wikipedia
Dëse Comicsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

E Comic oder eng Bande dessinée ass eng schwaarzwäiss oder faarweg gezeechent Billergeschicht, déi an enger zenarescher Billerfolleg mat méi oder wéineger fléissendem Handlungsoflaf eng Geschicht erzielt. De Protagonisten hir Rieden (Dialogen) a Gedanken (Monologen) ginn a geschriwwener Form a Blosen (Bullen, Phylaktären) duergestallt. D'schrëftlech Narratioun vun der Geschicht gouf quasi vun Ufank un bis haut an eckege Rummen (heiansdo och ouni Kader) uewen oder ënnen an der Vignette (eenzelt Bild, eenzel Case vun enger Planche) vermëttelt. Donieft - a ganz ënnerschiddlech nom Stil oder der Schoul (z. B. d'Schoul vum Hergé, d'Schoul vum Franquin, d'franko-belsch Schoul asw.) - kënne Geräischer, Beweegungen, Gefiller a Gemittszoustänn mat sougenannten Onomatopeeën (Wierder, Sazzeechen, eenzel Buschtawen a Buschtawekombinatiounen) phoneetesch ëmgesat ginn.

Begrëff[änneren | Quelltext änneren]

De Begrëff Comic(s) kënnt aus dem amerikanesche Sproochgebrauch an ass eng gebräichlech Kuerzform vu Comic strips > komesch oder droleg Billersträifen.

Den amerikanesche Begrëff Comic(s) gëtt dëser Konschtgattung haut awer net méi ganz gerecht, well e sech nach ëmmer op déi fréier Strips (Ufank vum 20. Joerhonnert) berifft, déi an der amerikanescher Press meeschtens eng humoristesch Pointe (Chute) haten, oder/an wou d'Geschicht duerch karikatural gezeechent Personagen oder karikatural vermënschlecht Déieren a Saachen en humoristeschen an och heinandsdo satireschen Ustréch krut. Am Laf vun der Entwécklung vum Comic koumen awer net nëmme méi komesch a witzeg, mä och z. B. historesch, reliéis, alldäglech, fantastesch, abenteuerlech an och heiansdo scho sozialkritesch Theemen op. De Begrëff Comic war awer scho sou an de Sproochgebrauch eragewues, datt e sech bis haut erhalen huet.

De franséische Begrëff Bande dessinée (kuerz BD oder och nach bédé genannt) ass do méi neutral a sachlech, well e sech op d'Form beschränkt a keng Allusioun op den Inhalt mécht.

Déi zwee Begrëffer Comic a BD hunn ongeféier zanter den 1960er Joren eng zousätzlech Bedeitung kritt. Wann een haut - haaptsächlech am däitschsproochege Raum an och zu Lëtzebuerg - vu Comics schwätzt, sinn am Prinzip déi amerikanesch Produkter gemengt. Déi Begrëffer Bande dessinée oder BD dogéint ëmfaassen déi Produkter, déi traditiounsgeméiss aus dem franko-belschen an ënner anerem och aus dem italieenesch-spuenesche Raum hierstamen.

Zou de Begrëffer Comic a BD kommen haut nach déi japanesch Bezeechnunge Manga an Hentai, Manhwa an den internationalen Term Anime dobäi. Dës Begrëffer emschreiwe quasi dat selwecht Produkt wéi Comic oder Bd, mat den Ënnerscheeder, datt si e ganz eegenen Zeechestil opweises hunn an och net wéi bei de westleche Comicprodukter vu lénks no riets, mä no japanescher Liesrichtung gekuckt a gelies ginn.

De Begrëff Cartoon (och nach gezeechente Gag genannt, oder als illustréierte Witz banaliséiert) huet eng kuriéis Duebelbedeitung. Op der enger Säit bezeechent dëst Wuert eng eenzel humoristesch oder satiresch-karikatural Zeechnung, z. B. eng Illustratioun an enger Zeitung. Op der anerer Säit ginn domat awer och (haaptsächlech am engleschsproochege Raum) gezeechent "Trickfilmer" (dessins animés) geméngt. Dobäi gëtt dacks eng Kuerzform vum Begrëff applizéiert > toons.

n.b.: "Looney-toones" ass (an den USA) zanter ongeféier 1930 eng gebräichlech Bezeechnung fir "lëschteg, géckeg oder verréckten" Zeechentrickfilmer ë. a. vu Warner Brothers, wéi z. B. Bugs Bunny, Daffy Duck an Droopy, déi den Tex Avery erschaaaf huet, oder och nach de Porky Pig, deen aus dem Bob Clampett senger Fieder staamt. Dem Walt Disney säi Pendant dozou heescht " Silly Symphonies" an eng aner Produktiounsserie gouf "Merry Melodys" genannt.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Nodeem d'Comics Joerzéngten als mannerwäerteg Literatur ugesi goufen, ziele se haut als eegestänneg Konschtform. Am franséische Sproochgebrauch gëtt vun der "9. Konscht" - 9e Art- geschwat.

Initiativen zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Zanter 1994 gëtt et zu Lëtzebuerg eemol am Joer - traditionell am Juli - e Rendez-vous vun de Frënn a Sammler vun där Konschtrichtung: de Festival International de la Bande dessinée zu Conter, d'BD.Contern, dee sech e gudden Numm wäit iwwer d'Grenze vu Lëtzebuerg eraus gemaach huet.

Zanter 2008 gëtt et e Musée vun der Karikatur a vum Cartoon zu Veianen, dee vum Karikaturist Florin Balaban gefouert gëtt.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Luke Haas: Comics in, aus und über Luxemburg. Éditions Schortgen, 2007.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Comics – Biller, Videoen oder Audiodateien