Commission pour le patrimoine culturel

Vu Wikipedia
Commission pour le patrimoine culturel
Kommissioun fir d'Kulturierwen
Land Lëtzebuerg
Secteur Kulturierwen
Leedung Beryl Bruck
Ënnersteet der/dem Ministère de la Culture
Gegrënnt 9. Mäerz 2022

D'Commission pour le patrimoine culturel (COPAC), iwwersat Kommissioun fir d'Kulturierwen, ass e consultatiivt Organ vun der Lëtzebuerger Regierung dat mam Gesetz vum 25. Februar 2022 an d'Liewe geruff gouf[1]. Si ersetzt déi fréier Commission des sites et monuments nationaux déi mam Artikel 7 vum groussherzogleche Reglement vum 9. Mäerz 2002 iwwer d'Zesummesetzung, d'Organisatioun an d'Fonctionnement vun der Commission pour le patrimoine culturel ofgeschaaft gouf[2].

Organisatioun[änneren | Quelltext änneren]

D'Kommissioun besteet aus fofzéng Memberen aus dem Beräich vum Kulturierwen. Se gi vum Kulturminister fir eng Period vun dräi Joer ernannt, déi erneiert ka ginn. E Vertrieder vum Minister iwwerhëlt d'Presidence vun der Kommissioun[2].

Presidente vun der Kommissioun[änneren | Quelltext änneren]

COPAC (vun 2022 un)
Period President(in)
zanter dem 19.04.2022 Beryl Bruck[3]

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Mam Gesetz vum 12. August 1927 iwwer d'Erhalen an de Schutz vun den nationale Landschaften a Monumenter ass d'Commission des sites et des monuments nationaux (COSIMO) an d'Liewe geruff ginn[4], mam Zweck fir d'Regierung an alle Froe vum Denkmalschutz ze beroden an hir Moossname virzeschloen, déi am Intressi vum Erhalen a vum Schutz vun den ëffentleche Monumenter sinn.

Dat Gesetz gouf mam Gesetz vum 18. Juli 1983 ersat[5] an d'Kommissioun krut dunn e liicht aneren Numm: Commission des sites et monuments nationaux[6]. Mam sougenannten Omnibus-Gesetz vum 3. Mäerz 2017[7] ass d'Gesetz vun 1983 modifizéiert ginn.

D'Membere vun där Kommissioun goufe vum Kulturminister fir eng Period vun dräi Joer ernannt, d'Zuel vun de Membere war net spezifiéiert. De Kulturminister oder en Delegéierten hat d'Presidence vun der Kommissioun déi sech op d'mannst eemol am Mount getraff huet.

Bannent der Kommissioun gouf et eng méi kleng Koordinatiounsgrupp déi déi sech eemol an der Woch zesummegesat huet fir déi dagdeeglech Affären oder méi kleng Dossieren ze traitéieren[8].

Presidente vun der Kommissioun[änneren | Quelltext änneren]

COSIMO (1927 - 2022)
Period President(in)
19.. - 19.. Jean-Pierre Dichter
19.. - 19.. Mathias Thinnes
1997 - 2007 Alex Langini[9]
2007 - 2010 Patrick Sanavia[10]
26.04.2010 - 10.03.2013 Paul Reiles[11]
27.05.2013 - 07.05.2016 Bob Krieps[10]
24.09.2016 - 08.09.2019

01.08.2019 - 08.09.2022

Beryl Bruck[12][13]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Règlement grand-ducal du 9 mars 2022 déterminant la composition, l’organisation et le fonctionnement de la commission pour le patrimoine culturel.
  2. 2,0 2,1 (fr)Règlement grand-ducal du 9 mars 2022 déterminant la composition, l'organisation et le fonctionnement de la commission pour le patrimoine culturel. legilux.public.lu (09.03.2022). Gekuckt de(n) 18.03.2023.
  3. (fr)Arrêté ministériel du 19 avril 2022 portant nomination des membres de la Commission pour le patrimoine culturel. legilux.public.lu (19.04.2022). Gekuckt de(n) 18.03.2023.
  4. (fr)Loi du 12 août 1927 concernant la conservation et la protection des sites et monuments nationaux (Chapitre VI, Art. 23). legilux.public.lu (12.08.1927). Gekuckt de(n) 17.03.2023.
  5. (fr)Loi du 18 juillet 1983 concernant la conservation et la protection des sites et monuments nationaux. .legilux.public.lu (18.07.1983). Gekuckt de(n) 17.03.2023.
  6. Artikel 40
  7. (fr)Loi du 3 mars 2017 dite « Omnibus » portant modification (…) de la loi du 18 juillet 1983 concernant la conservation et la protection des sites et monuments nationaux (…). legilux.public.lu (03.03.2017). Gekuckt de(n) 17.03.2023.
  8. (fr)Règlement grand-ducal du 14 décembre 1983 fixant la composition et le fonctionnement de la Commission des Sites et Monuments nationaux. legilux.public.lu (14.12.1983). Gekuckt de(n) 18.03.2023.
  9. (fr)Arrêté ministériel du 26 mai 1997 portant nomination des membres de la Commission des Sites et Monuments nationaux. legilux.public.lu (26.05.1997). Gekuckt de(n) 18.03.2023.
  10. 10,0 10,1 (fr)Arrêté ministériel du 7 mai 2013 modifié par l'arrêté ministériel du 15 mai 2013 portant composition de la Commission des Sites et Monuments nationaux. legilux.public.lu (07.05.2013). Gekuckt de(n) 18.03.2023.
  11. (fr)Arrêté ministériel du 10 mars 2010 portant nomination des membres de la Commission des sites et monuments nationaux. legilux.public.lu (10.03.2010). Gekuckt de(n) 18.03.2023.
  12. (fr)Arrêté ministériel du 8 septembre 2016 portant nomination des membres de la Commission des Sites et Monuments nationaux. legilux.public.lu (08.09.2016). Gekuckt de(n) 18.03.2023.
  13. (fr)Arrêté ministériel du 24 juillet 2019 portant nouvelle composition de la Commission des sites et monuments nationaux. legilux.public.lu (24.07.2019). Gekuckt de(n) 18.03.2023.