Commonwealth Realm
![]() |
Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
E Commonwealth Realm ass e souveräne Memberstaat vum Commonwealth of Nations, dee mat der brittescher Kroun duerch eng Personalunioun verbonn ass.
Déi aktuell Herrscherin um britteschen Troun ass d'Kinnigin Elisabeth II. A jiddwerengem vun dëse Länner intervenéiert d'Monarchin duerch staatsrechtlech Akten opgrond vun hirem Recht als Kinnigin vum betreffende Land; d'Commonwealth Realms sinn also nëmmen duerch Personalunioun matenee verbonn.
Déi haiteg Commonwealth Realms sinn (an alphabetescher Reiefolleg) Antigua a Barbuda, Australien, d'Bahamas, Barbados, Belize, Grenada, Jamaika, Kanada, Neiséiland, Papua Neiguinea, d'Salomonen, Saint Kitts an Nevis, Santa Lucia, Saint Vincent an d'Grenadinnen, Tuvalu an d'Vereenegt Kinnekräich.
D'Commonwealth Realms sinn net mat dem Commonwealth of Nations a sech gläichzesetzen. Ënner den därzäitege Memberstaaten vum Commonwealth sinn nëmme 16 Realms, nieft 31 Commonwealth Republiken a sechs konstitutionelle Monarchië mat aneren Dynastien. Bannen am Commonwealth gëtt et keen Ënnerscheed tëscht de Commonwealth Realms an den anere Memberen.