Commune aérostatique du Grand-Duché de Luxembourg
| Dësen Artikel zu engem Veräin oder enger Organisatioun ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Commune aérostatique du Grand-Duché de Luxembourg | |
|---|---|
| Rechtsform | Association sans but lucratif |
| Grënnungsdatum | 4. August 1978 |
| Sëtz | Fiels |
| 4, Rue de Medernach | |
| Member vu(n) | Fédération aéronautique luxembourgeoise |
| RCS | F787 |
| Websäit | https://balloon.lu/ |
|
| |
Commune éérostatique du Grand-Duché de Luxembourg ass eng lëtzebuergesch ASBL, an där sech Ballonfuerer zesummegedoen hunn, fir dës Aktivitéit ze bedreiwen an ze populariséieren.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]1974 hu fënnef Piloten a laangjäreg Frënn, decidéiert, de Fliger opzeginn, fir mam Ballon ze fueren. Se hunn de 4. August 1978 d'Commune aérostatique du Grand-Duché de Luxembourg gegrënnt. De Poully Emering, Alfi Feltes, Jang Sauber, Norri Theisen a Pit Thibo haten deemools nach keng Anung wéi déi nei Associatioun d'Kultur vum Ballonfueren zu Lëtzebuerg géif beaflossen.
Si hunn ee Waarmloftballon vum englesche Fabrikant Cameron Balloons Ltd. kaaft, dee se Feierwôn genannt hunn. Deen ass vu Rammerech aus fir säin Inauguratiounsfluch den 1. Februar 1975 gestart.[1]
De 17. September 1991 ass op der ausseruerdentlecher Generalversammlung festgehale ginn, den Numm vum Veräin an Commune aérostatique du Grand-Duché de Luxembourg (Fédération luxembourgeoise d'aérostation) z'änneren[2]. Wéi d'Associatioun am Joer 2004 am Handelsregëster agedroe gouf, ass an der Bezeechnung Fédération mat Association ersat ginn.
Aktivitéiten
[änneren | Quelltext änneren]Ballonen
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- balloon.lu, d'Websäit vun der Associatioun.
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Commune Aérostatique du Grand‑Duché de Luxembourg | home. balloon.lu. Gekuckt de 17.10.2024.
- ↑ woubäi duerno (um Bréifpabeier) d'Bezeechnung Fédération aérostatique luxembourgeoise gebraucht gouf
