Communica(u)tion

Vu Wikipedia
Communica(u)tion
Genre: Singer-Songwriter / Alternative / Rock
Land: Lëtzebuerg
Grënnung: 2004
Gesang, Akustik an E-Gittar,
Bass, Percussioun:
Eric Rosenfeld
Gesang, Akustik an E-Gittar,
Batterie, Keyboard:
Charel Stoltz (zanter Oktober 2014)
Websäit: www.communicaution.com

Communica(u)tion ass e Soloprojet vum Eric Rosenfeld, och bekannt als Sänger a Gittarist vu Versus You an Adoptees, bei deem hien eege Kompositioune séngt a sech dobäi mat enger akustescher Gittar begleet.

D'Lidder reflektéieren engersäits Depressiounen a Panikattacken, an allgemeng Problemer am alldeegleche Liewen. Ausser perséinlechen Erfarunge baséiere s'op Andréck vu Konschtwierker a Bicher. Och exzessiven Alkoholismus gëtt thematiséiert. Aner Texter beliichten déi méi schéi Säite vum Liewen, wéi d'Léift, seng Kolleegen an d'Op-Tour-Goen. An zwee Lidder bréngt de Rosenfeld seng Virléift fir Horrorfilmer zum Ausdrock.

Seng Musek ass inspiréiert vu Gruppe wéi Jawbreaker oder Jets to Brazil, an och vun der Musek aus der Chicagoer Pop-Punk-Zeen.

De Releaseconcert vum Album This Monkey Is An Artist war am Escher Kinosch, wou wärend dem Concert dem Sam Raimi säi Film The Evil Dead gelaf ass.

Den 29. September 2014 huet den Eric op der Facebook-Säit vu Communica(u)tion bekannt ginn datt hien den 3. Oktober am Exit07 zu Hollerech seng lescht Solo-Show spillen géif. Duerno gëtt hie vun sengem Frënd Charel Stoltz bei Optrëtter ënnerstëtzt, sou datt Communica(u)tion vun lo un een Duo ass.

Déi éischt Single vum neien Album heescht "Make No Sound" a gouf méindes den 10. November 2014 via Soundcloud verëffentlecht, de Museksvideo fir d'Single ass mëttwochs duerno erauskomm.

Den neien an domat véierten Album mam Titel Unfixed ass den 12. Dezember 2014 erauskomm. Den Album gouf gréisstendeels am Kellerstudio vum Eric an der Stad opgeholl, weider Opname goufen am Holtz Sound Studio zu Tënten gemaach, wou den Album vum Charel Stoltz och gemëscht gouf. De Mastering huet de Gavin Murphy zu Göteborg, Schweden iwwerholl. Release-Party vum Album war de selwechten Dag an der Kulturfabrik zu Esch-Uelzecht, mat dobäi waren och Ska-Gruppen P.O. Box vun Nanzeg a Los Dueños aus der Stad.

Zesumme mam Batteur Ben Clement, spillt den Eric Rosenfeld am Projet vun 2017, The Cutting Word, lyresch Texter a Gedichtform.

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

Alben[änneren | Quelltext änneren]

  • 2005: Boring Stories In G (Svaveldioxid Records)
  • 2006: This Monkey Is An Artist (Winged Skull Records)
  • 2012: Revenge! Revenge! Revenge! (A Collection) (G Chord Records) (Digital op Bandcamp a bei iTunes)
  • 2014: Try Harder (Plus 3) (Digital bei iTunes)
  • 2014: Unfixed (Flix Records / G Chord Records / Noiseworks Records)
  • 2017: Pornography (Akustik-Cover Album vum "Pornography" Album vun The Cure; Digital op Bandcamp)
  • 2017: I.O.U. (Zesummestellung onverëffentlechte Lidder vun 2011-2015; Digital op Bandcamp)
  • 2017: Backseat Driver (digital op Bandcamp a bei iTunes)
  • 2018: MAX (digital op Bandcamp)
  • 2018: 37 Songs (digital op Bandcamp)

Epen[änneren | Quelltext änneren]

  • Jul. 2013: Rough Road (Digital op Bandcamp)
  • Sep. 2013: Try Harder (Digital op Bandcamp)
  • Abr. 2014: Write All Night (Digital op Bandcamp)
  • Jun. 2014: "Hodgepodge" (Digital op Bandcamp a bei SoundCloud)
  • Jul. 2014: Diggin´ (Digital op Bandcamp a bei SoundCloud)
  • Mär. 2015: "Hodegepodge Part II" (Digital op Bandcamp a bei SoundCloud)
  • Nov. 2015: "Baby, You Got Eyes In The Back Of Your Head (Digital op Bandcamp a bei SoundCloud)
  • Mai. 2016: Don't Even Wanna Know (Digital op Bandcamp)
  • Aug.2017: Second Story Operator (digital op Bandcamp)
  • Jan.2018: Sleep Is A Waste Of Time (digital op Bandcamp)
  • Mai.2018: Clocks Stop (digital op Bandcamp)

Singelen[änneren | Quelltext änneren]

  • Dez. 2008: We Need Direction (We Build Our Own Four Walls) (Digital op Bandcamp)
  • Jan. 2013: When I Grow Up I Want To Be A Novelist (Digital op Bandcamp)
  • Aug. 2014: Forever And A Day (Versioun 2) (Digital bei SoundCloud)
  • Sep. 2014: Need To Be Alone (Versioun2) (Digital op Bandcamp a bei SoundCloud)
  • Okt. 2014: Song For E. (2014 Versioun) (Digital bei SoundCloud a bei Bandcamp)
  • Nov. 2014: "Make No Sound" (Digital bei SoundCloud, iTunes a bei Bandcamp)
  • Feb. 2015: Life Takes A Lifetime (Digital op Bandcamp)
  • Mär. 2015: Silver Stars (Hodgepodge Part II Leftover) (Digital bei SoundCloud)
  • Jun. 2015: Clockwise, Seven Turns (digital bei SoundCloud)
  • Okt. 2015: Baby, You Got Eyes In The Back Off Your Head (digital bei SoundCloud)
  • Dez. 2016: Diggin' (digital op Bandcamp)
  • Mai. 2017: Outta My Life But Not Outta My Mind (digital op Bandcamp a bei iTunes)
  • Aug. 2017: Spanish Boots (Digital op Bandcamp)

Gecovert Lidder[änneren | Quelltext änneren]

  • Jul. 2012: Crawling Back To You (Tom Petty Cover) (digital bei SoundCloud)
  • Jun. 2014: Perfect Day (Lou Reed Cover) (digital bei SoundCloud)
  • Aug. 2014: Way Out West (Big Star Cover) (digital bei SoundCloud)
  • Aug. 2014: Got You Down (Paul Westerberg Cover) (digital bei SoundCloud)
  • Aug. 2014: Little Mascara (The Replacements Cover) (digital bei SoundCloud)
  • Okt. 2014: Don't Tell Yourself It's OK (Lemonheads Cover) (digital bei SoundCloud)
  • Dez. 2014: All My Life (Evan Dando Cover) (digital bei SoundCloud)
  • Dez. 2014: Fever Island (Naked Raygun Cover) (digital bei SoundCloud)
  • Dez. 2014: Lucky Town (Bruce Springsteen Cover) (digital bei SoundCloud)
  • Jan. 2015: Thank You Friends (Big Star Cover) (digital bei SoundCloud)
  • Mär. 2015: These Halls (Enemy You Cover) (digital bei SoundCloud)
  • Apr. 2015: Why Don't You Kill Yourself (The Only Ones Cover) (digital bei SoundCloud)
  • Mai. 2015: Opinion (Nirvana Cover) (digital bei SoundCloud)
  • Jul. 2015: We (Descendents Cover) (digital bei SoundCloud)
  • Jul. 2015: Fate (SNFU Cover) (digital bei SoundCloud)
  • Aug. 2015: My Back Pages (Bob Dylan Cover) (digital bei SoundCloud)
  • Feb. 2016: Denim Demon (Turbonegro Cover) (digital op YouTube)
  • Mär. 2016: Space Oddity (David Bowie Cover) (digital op YouTube)
  • Apr. 2016: Thomas O'Malley (The Aristocats Cover) (digital op YouTube)
  • Jun. 2016: (Don't Fear) The Reaper (Blue Öyster Cult Cover) (digital op Bandcamp)
  • Okt. 2017: To Find A Friend (Tom Petty Cover) (digital op YouTube)

Album ënnert dem Numm Eric Rosenfeld[änneren | Quelltext änneren]

  • 2008: "529" (Wingedskull Records)

The Cutting Word - Discographie[änneren | Quelltext änneren]

  • Jun. 2017: Petty Spites (digital op Bandcamp)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]