Concours international de direction d'orchestre Evgeny-Svetlanov

Vu Wikipedia

De Concours international de direction d'orchestre Evgeny-Svetlanov ass e Museksconcours fir Dirigenten, deen zënter 2007 all puer Joer organiséiert gëtt.

E gouf op Initiativ vun der Wittfra vum russesche Komponist an Orchesterchef Jewgeni Swetlanow, der Nina Swetlanowa, a vun e puer vu sengen Unhänger gegrënnt.

Dëse Concours soll jonken talentéierten Orchestercheffen d'Méiglechkeet ginn, fir sech op der internationaler Bün ze weisen, an anengems soll domat dem Svetlanov säi Wierk veréiwegt ginn.

De Concours besteet aus zwou Épreuves éliminatoires, enger Épreuve finale an engem Galaconcert.

De Concours gouf 2007 am Stater Conservatoire an an der Philharmonie organiséiert, 2010 zu Montpellier[1], an 2014[2] an 2018[3] zu Paräis

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. https://www.francetvinfo.fr/culture/musique/opera/le-concours-de-chefs-d-039-orchestre-svetlanov-s-039-installe-a-montpellier_3370787.html
  2. http://lestroiscoups.over-blog.com/article-concours-international-de-chef-d-orchestre-evgeny-svetlanov-du-25-au-28-juin-2014-critique-salle-124148594.html
  3. https://rusoch.fr/fr/events/k-90-letiyu-evgeniya-svetlanova-v-parizhe-i-v-moskve.html