Concours littéraire national 2026
Ausgesinn
De Concours littéraire national 2026 ass ee lëtzebuergesche Literaturconcours, dee vum Kulturministère organiséiert gëtt. En dréint sech 2026 ëm Gedichter.[1]
Auteuren, déi musse Lëtzebuerger sinn oder zu Lëtzebuerg wunnen, kënne bis den 30. Juni 2026 déi vun hinne verfaasst Texter, no Modalitéiten, déi vum Kulturministère festgeluecht goufen, areechen. Si kënnen op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an/oder Englesch sinn.
D'Jury setzt sech zesummen aus dem Claude Bommertz (President), der Sarah Hess, der Dana Hempel, dem Pit Hoerold an dem Robert Weis.[1]
Wéi virdru gëtt et zwou Kategorië Präisser: fir Auteuren vun 12 bis 19 Joer, a fir déi méi al.
Gewënner
[änneren | Quelltext änneren]D'Gewënner gi viraussiichtlech am Hierscht 2026 bekannt gemaach.
Referenzen
[Quelltext änneren]- 1 2 "Concours littéraire national 2026." Communiqué op gouvernement.lu, 14.10.2025.