Connie Francis
| Dëse Museksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Connie Francis | |
|---|---|
|
| |
| Gebuertsnumm | Concetta Rosa Maria Franconero |
| Gebuer |
12. Dezember 1937 Newark |
| Gestuerwen |
16. Juli 2025 Pompano Beach |
| Nationalitéit | USA |
| Educatioun |
Belleville High School, Newark Arts High School |
| Aktivitéit | Sängerin, Televisiounsschauspillerin, Lidderméchesch, Filmschauspillerin, Autorin, Schauspillerin |
| Partei | Republican Party |
| Auszeechnungen | Awit Awards, Italian Walk of Fame |
| Websäit | https://www.conniefrancis.com/ |
|
| |
D'Concetta Rosa Maria Franconero, bekannt als Connie Francis, gebuer den 12. Dezember 1937 zu New Ark, am New Jersey, a gestuerwen de 16. Juli 2025 zu Pompano Beach a Florida[1], war eng US-amerikanesch Sängerin a Schauspillerin. Den Héichpunkt vun hirer Gesangskarriär war Enn der 1950er, uganks der 1960er Joren, wou si iwwer 100 Millioune Placke verkaaft huet. Bekannt ass hire Cover vun 1958 vum Lidd Who's Sorry Now? vun 1928, an enger ganzer Rëtsch vun Top-Ten-Hits dono. 1960, mat Everybody's Somebody's Fool, war si déi éischt Fra op der 1. Plaz vun den U.S. Billboard Hot 100 Charts. Si war och déi éischt Fra déi an deenen Charts am Ganzen 3 Nummer-1-Hitten hat (vun 53 am Ganzen).
D'Connie Francis huet hir Lidder net just op Englesch gesongen, ma och op Italieenesch, Franséisch, Däitsch, Yiddesch a Japanesch, wat si och international bekannt gemaach huet. Tëscht 1974 an 1988 hat si no schroen, traumateschen Erliefnesser, kierperlech a psychesch Gesondheetsprobleemer, wat hir Karriär ënnerbrach huet. Tëscht 1988 an 2018 huet si awer nees Opname gemaach an ass opgetrueden.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Connie Francis – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ (fr) Rédaction avec Belga, Connie Francis, star des années 60 et connue pour son titre « Pretty Little Baby », est décédée à 87 ans. RTL Info (17.07.2025). Gekuckt den 23.07.2025.
