Conseiller (Lëtzebuerg)

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Society.svg Dëse Politiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Conseiller, och Gemengeconseiller genannt, gëtt zu Lëtzebuerg direkt vun de Wieler aus der Gemeng gewielt.

D'Zuel vun de Conseilleren am Gemengerot hänkt vun der Awunnerzuel an der Gemeng of. An enger lëtzebuergescher Gemeng sinn tëscht 7 (bei Gemenge mat bis zu 999 Awunner) a 19 (bei Gemenge mat 20 000 a méi Awunner) Conseilleren am Gemengerot. Eng Ausnam ass d'Stad Lëtzebuerg, wou d'Zuel vun de Conseilleren am Gemengerot op 27 festgeluecht ass. D'Membere vum Schäfferot (de Buergermeeschter an d'Schäffen) si bei der Zuel vun de Conseillere mat abegraff.