Constant Bilocq

Vu Wikipedia
Constant Bilocq
Gebuer 10. August 1912
Gestuerwen Februar 1945

De Constant Bilocq, gebuer den 10. August 1912zu Châtillon an der Provënz Lëtzebuerg, a gestuerwen am Februar 1945 bei engem Gefaangenentransport war e belsche Paschtouer a Resistenzler.

Nodeem hie säi Studium zu Baaschtnech an Namouer gemaach hat, gouf hien 1942 zum Geeschtleche geweit a koum als Kaploun op Longlier.

Do gouf hien de 7. September 1942 wärend der Mass verhaft, well hie Parachutiste verstoppt hat, an hie koum an d'Aarbechtslager op Esterwegen. Vun do aus koum en den 13. Mee 1943 an eent vun den Aarbechtlager an der Géigend vun Hameln. De 27. Abrëll 1944 koum en dunn op Gross-Strelitz, an den 30. Oktober dat Joer op Gross-Rosen, wou hien ënner der N° 81.809 agedroe war.

Wéi den 8. Februar 1945 dat Lager evakuéiert gouf, fir d'Prisonéier op Dora ze bréngen, huet hien den Transport net iwwerlieft.