Constant Wagner
Ausgesinn
| Constant Wagner | |
|---|---|
| Gebuer |
1. Januar 1941 Téiteng |
| Gestuerwen | 27. Oktober 2007 |
| Alter | 66 Joer |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Sportschéisser |
| Huet matgemaach bei | Olympesch Summerspiller 1992 |
|
| |
De Constant Wagner, gebuer den 1. Januar 1941 zu Téiteng, a gestuerwen den 21. Oktober 2007 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Sportschéisser an Olympionik.[1]
Hien huet fir Lëtzebuerg un den Olympesche Summerspiller 1992 zu Barcelona deelgeholl a koum an der Loftpistoul (10 m) op déi 35. Plaz.[2]
De Constant Wagner ass den eeleste Lëtzebuerger dee bis elo Lëtzebuerg op enger Olympiad vertrueden huet.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]
Portal Sport- Lëscht vu lëtzebuergesche Sportler
- Lëscht vu lëtzebuergeschen Olympionicken
- Lëtzebuergesch Sportler vum Joer
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Portrait vum Constant Wagner op der Websäit vun der 'Association Luxembourgeoise des Olympiens' www.olympiens.lu Archivéiert den 09.03.2016. Gekuckt den 03.01.2011.
- ↑ Resultater vum Constant Wagner op der Olympiad 1992 op der Websäit sports-reference.com Archivéiert de 04.03.2009. Gekuckt den 03.01.2011.
