Op den Inhalt sprangen

Containerlueder

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
E Skystacker hieft e grénge Container.

Containerlueder si Gefierer oder stationär Krananlagen, déi dofir geduecht sinn, Container vun enger Plaz op eng aner ze transportéieren.

Bei de Gefierer gëtt et e puer Modeller:

  • De Containerlueder mat Frontlift funktionéiert wéi e Clark, genannt no der Firma Clark, déi ënner aneren déi Gefierer materfonnt huet. En ass éischter geduecht fir méi kleng Container, bis zu 20 Fouss.
  • De Containerlueder mat Gräifaarm ass méi maniabel; e ka Container iwwer kuerz Strecken transportéieren a se jee no Gréisst, bis zu enger Héicht vun zirka 10 Meter hiewen.
  • De Containerlueder mat Spannebeen, genannt no der Form, fiert op sechs oder aacht Rieder a ka souguer 53' Container droen. Seng Luedhéicht ass reduzéiert op seng eegen Héicht.