Op den Inhalt sprangen

Convivium - Centre d'animation culturelle italo-luxembourgeois

Vu Wikipedia
Dësen Artikel zu engem Veräin oder enger Organisatioun ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Convivium - Centre d'animation culturelle italo-luxembourgeois
Rechtsform Association sans but lucratif
Grënnungsdatum 1994
Sëtz Lëtzebuerg
  10, Rue Letellier
RCS F3330
Websäit https://www.convivium.lu/

Convivium – Centre d'animation culturelle italo-luxembourgeois ass eng lëtzebuergesch ASBL, déi sech als Zil gesat huet, d'italieenesch Kultur zu Lëtzebuerg ze promovéieren.

Ënner anerem fërdert de Veräin d'Editioun vu Bicher, a publizéiert därer och selwer, déi am Zesummenhank mat der Geschicht an der Kultur vun der italieenescher Communautéit zu Lëtzebuerg stinn. Dobäi schafft Convivium enk zesumme mat dem Centre de documentation sur les migrations humaines an dem Departement Lettres italiennes vun der Uni Lëtzebuerg.

D'Vereenegung gouf 1994 gegrënnt.

Am Handelsregëster ass s'als « en procédure de dissolution administrative sans liquidation » gezeechent(Stand: Oktober 2025).

Literatur (Auswiel)

[änneren | Quelltext änneren]
  • Luigi Peruzzi, 2008. Le mie Memorie e Diario di Berlino 1944-1945. A cura di Maria Luisa Caldognetto. Metauro Edizioni S.r.l. Pesaro. 414 S. ISBN 978-88-6156-027-7.
  • Luigi Peruzzi, 2002. Mes Mémoires. Un antifasciste italien déporté au SS-Sonderlager Hinzert raconte. Éditions Le Phare, Esch-sur-Alzette, 398 p. (Mat historeschen Annotatioune vum Denis Scuto. Aus dem Italieeneschen iwwersat vum Véronique Igel). ISBN 2-87964-056-3.
  • Giuliana Morandini, 2004. Le insensate / Les insensées. Théâtre - Édition bilingue. Convivium, Lëtzebuerg, 112 S.
  • Maria Luisa Caldognetto & Jos Boggiani, 2003. Lëtzebuergesch-Italieenesch, Dictionnaire / Vocabolario italiano-lussemburghese. CLAE/Convivium, Lëtzebuerg.
  • Maria Luisa Spaziani, 1997. Épiphanie de l'alphabet / Epifania dell'alfabeto. Choix de poèmes, édition bilingue. Iwwersat vun M. L. Caldognetto a J. Portante. Éditions Phi / Convivium, Lëtzebuerg.