Conzemius (Famill)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel entsprécht net de Wikipediakrittäre fir en enzyklopedeschen Artikel. Dat kann dru leien datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder en nach net nom Stil vun engem Wikipediaartikel formatéiert gouf. Et kann och sinn, datt den Inhalt net an eng Enzyklopedie gehéiert, sou wéi en am Moment do steet. Fir ze verhënneren datt dësen Artikel eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn.

Conzemius ass e Familljennumm zu Lëtzebuerg. E kënnt ursprénglech wuel aus Frankräich. Déi Lëtzebuerger Linn, déi haut nach besteet, staamt aus dem Norde vum Land zu Hëpperdang, Grandsen, Ischpelt, a Kéisfuert, Stamsëtz vun dëser Linn.

Eng éischt Kéier gëtt d'Famill Conzemius um Ufank vum 17. Joerhonnert an engem Dokument ernimmt, mä et gëtt ugeholl datt den Urspronk méi wäit zeréckgeet, awer net nogewise ka ginn, well et kaum Quelle vu viru 1600 gëtt.

Als "Stamelteren" gëtt d'Lëtzebuerger Linn eng Damm Anne Conzemius an den däitschstämmege Klengadelege Friedrich von Adam un, déi ëm 1640 gelieft hunn.

Duerch de Kaf vun engem Riichter-Amt zum Adel komm, an duerch familiär Relatiounen zum franséischen Haus de Bouvier ass d'Famill Conzemius zu e puer Titel komm: Seigneur du Saussay, Marquis de Cépoy (1748), Seigneur de la Mothe, de Gondreville, de Villarceaux.

Eng bekannt Vertriederin vun deem Geschlecht ass d'Jeanne Marie Guyon du Chesnoy, besser bekannt als Madame Guyon. Eng aner Bekannt ass d'Marguerite Françoise Bouvier de la Mothe de Cépoy, déi eng Maîtresse vum Louis Philippe II Joseph d'Orléans war, deen och ënner dem Numm Philippe Égalité bekannt war, an de Papp vum spéidere leschte Kinnek a Frankräich, dem Louis-Philippe I., Kinnek vun de Fransousen, genannt de Roi citoyen, aus der Dynastie Bourbon-Orléans. Aus där Relatioun staamt ee Fils, den N. d'Orléans Chevalier de St. Pol, deem seng Spuer sech iergentwann an England verléiert.

Zu Lëtzebuerg deet se sech als "Famille de notables ruraux du nord du pays" ervir, sou den Heraldiker Dr. Loutsch, a si gi Proprietär vum Schlass zu Ischpelt, wat se awer spéider erëm wéinst finanzielle Problemer hu misse verkafen.

D'Famill Conzemius däerf och haut nach e puer Uerdensdréier vum Ordre de la couronne de chêne zu hire Memberen zielen.

Hautdesdaags ass deen een oder anere Member mat där héijer Auszeechnung dekoréiert. Ausserdeem si vereenzelt Memberen och mam Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg ausgezeechent ginn.

Aktuelle Chef vum Haus ass den Theodore "Theo" Conzemius. Géif d'Famill nach weiderhi Gebrauch vun hiren Titele maachen, wier deem säi vollstännegen Numm: Theodore Baron Conzemius-Bouvier de Cachard d'Yvoire de la Mothe d'Urpselt de Grindhausen (5ème Marquis de Cépoy, Seigneur du Saussay, de Gondreville et de Villarceaux).

Um Spaweck