Corazón Aquino

Vu Wikipedia
Corazón Aquino
Gebuer 25. Januar 1933
Gestuerwen 1. August 2009
Doudesursaach Déckdaarmkriibs
Nationalitéit Philippinnen
Aktivitéit Politiker, Mënscherechtler
Famill
Kanner Benigno Aquino III.

D'Corazón ("Cory") Aquino, gebuer María Corazón Cojuangco de 25. Januar 1933 zu Paniqui (Provënz Tarlac) a gestuerwen den 1. August 2009 zu Makati City, war eng philippinnesch Politikerin. Si war tëscht 1986 an 1992 den 11. President vun de Philippinnen.

Politesch aktiv gouf d'Corazón Aquino, nodeem hire Mann, de Politiker a Géigner vum Ferdinand Marcos senger Diktatur, Benigno Aquino, Jr. 1983 ermuert gi war, wéi en aus der Verbannung hannescht op d'Philippinne koum. Si war d'Spëtzekandidatin vun der Oppositioun bei de Presidentschaftsswale vun 1986 a gouf nom Opstand géint de Marcos wéinst Walfäschung, deen huet misse fortlafen, (als éischt Fra an deem Amt) Presidentin vun de Philippinnen.

Hiren Nofollger war de Fidel Ramos. 2010 gouf hire Jong, de Benigno Aquino III., sengersäits zum President vun de Philippinnen gewielt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Corazón Aquino – Biller, Videoen oder Audiodateien