Corinne Cahen
Corinne Cahen | |
---|---|
![]() | |
Gebuer |
16. Mee 1973 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun |
Stater Kolléisch, Universitéit vu Stroossbuerg |
Aktivitéit | Politiker, Geschäftspersoun, Korrespondent |
Partei | Demokratesch Partei |
D'Corinne Cahen, gebuer de 16. Mee 1973 an der Stad Lëtzebuerg,[1] ass eng lëtzebuergesch Geschäftsfra a Politikerin (DP). Si ass zanter dem 5. Dezember 2018 Ministesch fir Famill a fir d'Groussregioun an der Regierung Bettel-Schneider-Braz.
Carrière[änneren | Quelltext änneren]
No der Primärschoul zu Bouneweg an dem Secondaire am Kolléisch huet si vun 1992 bis 1995 Humanwëssenschaften op der Universitéit zu Stroossbuerg studéiert wou se en Diplom a Friemsprooche krut. 1995-96 huet si hire Studium zu Nice weidergefouert. 1997 huet se e Journalismus-Studium op der Sorbonne zu Paräis gemaach.
Vun 1995 bis 2001 huet si fir RTL Radio Lëtzebuerg geschafft, fir d'éischt als Korrespondentin a Frankräich, dann zu Lëtzebuerg. Vun 2001 bis 2004 huet se nëmmen nach als Freelance fir RTL geschafft well se vun 2001 un d'Schonggeschäft vun hirer Famill an der Stad gefouert huet.[2]
D'Corinne Cahen war vun 2008 bis 2012 Presidentin vum Stater Geschäftsverband. Ausserdeem war si Member vum Verwaltungsrot vun der Chambre de commerce.[1] Den 28. November 2015 ass si zur Presidentin vun der Demokratescher Partei gewielt ginn.
Bei de Chamberwale vum 20. Oktober 2013 huet si op der Lëscht vun der DP am Walbezierk Zentrum kandidéiert a gouf an d'Chamber gewielt. Si huet awer op hiert Deputéiertemandat verzicht, fir an der Regierung Bettel-Schneider Ministesch fir Famill an Integratioun a Ministesch fir d'Groussregioun ze ginn. Bei de Wale vum 14. Oktober 2018 gouf si erëmgewielt[3] an huet nees op hiert Chambersmandat verzicht, fir an der Regierung Bettel-Schneider-Braz déi selwecht Portefeuillë wéi virdrun z'iwwerhuelen.
Vun 2015 bis 2022[4] war si Presidentin vun der Demokratescher Partei.
An hirer Jugend war d'Corinne Cahen, als éischt Fra, Presidentin vun der Jeunesse Israélite du Luxembourg.
Literatur[änneren | Quelltext änneren]
- Revue Nr. 4 vum 22. Januar 2014, S. 14-19: Coup de pouce - Porträt der Familienministerin Corinne Cahen
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Corinne Cahen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen[Quelltext änneren]
- ↑ 1,0 1,1 Fiche "Corinne Cahen" op der Websäit vun der Chamber; chd.lu (gekuckt: 2013-11-18).
- ↑ "«Il ne suffit pas de râler»." Portrait op der Websäit vun der Chamber, chd.lu (gekuckt 2013-11-17-8).
- ↑ elections.lu.
- ↑ "De Lex Delles gëtt neie Parteipresident vun der DP." rtl.lu, 12.06.2022.