Corps grand-ducal d'incendie et de secours

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

De Corps grand-ducal d'incendie et de secours (CGDIS) ass en Ëffentlecht Etablissement mat administrativer Funktioun zu Lëtzebuerg, an deem d'Rettungsdéngschter vum Land zesummegeschloss a koordinéiert ginn.

E gouf mat engem Gesetz vum 27. Mäerz 2018 gegrënnt[1] an ass vum 1. Juli 2018 un a Funktioun. An him sinn d'Protection civile, d'Fräiwëlleg Pompjeeën, d'Stater Beruffspompjeeën, d'Fluchhafepompjeeën an de Service d'aide médicale urgente (SAMU) zesummegeschloss.[2]

De Sëtz vum CGDIS ass vun 2019 un zu Gaasperech am Centre national d'incendie et de secours.

Missiounen[änneren | Quelltext änneren]

Den CGDIS huet dem Artikel 4 vum Gesetz vum 27.03.2018 als Missioun, plangen, organiséieren an ausféieren vun

1. Hëllefsleeschtung vu Persounen déi an Nout duerch Accidenter, Katastrophen, Feier an aner Schadensereignisse sinn;

2. Präventioun a Protektioun géint Feier;

3. Bekämpfung vu Verschmotzung duerch radioaktiv, nuklear, biologesch a chemesch Matièren;

4. Schutz vun Eegentum bei Bränn, Katastrophen oder sonstege Schadensfäll;

5. International Hëllefsleeschtunge bei Katastrophen baussent dem Grand-Duché;

6. Een Hëllefsdispositif opstellen bei Manifestatiounen oder aneren Evenementer, wou de Risk besteet datt et zu Schued kéint kommen;

7. Ofhale vu Formatiounen an de Beräicher Brandbekämpfung a Secours à personne;

8. De Service d'aide médicale urgente garantéieren (SAMU)

Den CGDIS stellt a verwalt och d'Pompjeeën um Fluchhafen fir d'Administratioun de la navigation aérienne.

Den CGDIS bedeelegt sech och beim verhënneren oder evaluéieren vun technologeschen oder natierleche Risken souwéi beim geréieren vun nationale Krisen. En ass och zoustänneg fir déi operationell Relatioune mat Rettungsdéngschter vu baussent dem Grand-Duché, falls déi a Krisefäll ugefuerdert ginn.

Den CGDIS kann net agesat ginn, fir d'ëffentlech Uerdnung oprecht ze erhalen oder erëm hierzestellen; oder fir Objektschutz auszeféieren. Des Kompetenz fält alleng der Lëtzebuerger Police zou.

Territorial Andeelung[änneren | Quelltext änneren]

Duerch de Règlemet grand-ducal vum 24. Mee 2018 gëtt d'Land a 4 Rettungszonen agedeelt. Déi Zone si weider a Gruppementer ënnerdeelt, déi eng gewëssen Unzuel vu Gemenge regruppéieren. Hei ass d'Oplëschtung vun den Zonen, Gruppementer a Gemengen:

Zone de secours Groupement Commune
NORD Our Clervaux

Parc Hosingen

Putscheid

Troisvierges

Vianden

Weiswampach

Wincrange

Stauséi Boulaide

Esch-sur-Sûre

Goesdorf

Kiischpelt

Lac de la Haute-Sûre

Wiltz

Winseler

Nordstad Bettendorf

Bourscheid

Colmar-Berg

Diekirch

Erpeldange-sur-Sûre

Ettelbruck

Schieren

Tandel

Atert Beckerich

Ell

Feulen

Grosbous

Mertzig

Préizerdaul

Rambrouch

Redange-sur-Attert

Saeul

Useldange

Vichten

Wahl

EST Sauer Beaufort

Bech

Berdorf

Consdorf

Echternach

Reisdorf

Rosport-Mompach

Zwee-Iernz Betzdorf

Fischbach

Heffingen

Junglinster

Larochette

Nommern

Vallée de l’Ernz

Waldbillig

Musel Biwer

Grevenmacher

Manternach

Mertert

Dräi-Länner Eck Bous

Contern

Dalheim

Flaxweiler

Lenningen

Mondorf-les-Bains

Remich

Schengen

Stadtbredimus

Waldbredimus

Wormeldange

CENTRE Uelzechtdall Bissen

Helperknapp

Lintgen

Lorentzweiler

Mersch

Steinsel

Walferdange

Réibierg Bertrange

Garnich

Habscht

Kehlen

Koerich

Kopstal

Mamer

Steinfort

Strassen

Bockfiels Hesperange

Luxembourg

Niederanven

Sandweiler

Schuttrange

SUD Kordall Differdange

Dippach

Käerjeng

Pétange

Sanem

Belval Esch-sur-Alzette

Leudelange

Mondercange

Reckange-sur-Mess

Schifflange

Ginzebierg Bettembourg

Dudelange

Frisange

Kayl

Roeser

Rumelange

Weiler-la-Tour

Intern Organisatioun[änneren | Quelltext änneren]

Den CGDIS gëtt vun engem Generaldirekter gefouert an as agedeelt a 6 Departementer:

  • Département de la direction générale ;
  • Direction de la stratégie opérationnelle ;
  • Direction administrative et financière ;
  • Direction médiale et de la santé ;
  • Direction des moyens logistiques ;
  • Département des opérations, an deem de Centre national d'incendie et de secours an déi divers Spezialeenheeten organiséiert sinn, dorënner:
    • Brigade des secouristes, ambulanciers et sauveteurs volontaires et professionnels, Pompjeeën
    • Groupe d'alerte ;
    • Groupe d'Hommes-Grenouilles, déi sougenannten Fräschmänner ;
    • Groupe de protection radiologique ;
    • Groupe de lutte contre les pollutions par produits chimiques ;
    • Groupe canin, d'Hondsstaffel
    • Groupe de support psychologique ;
    • Groupe d'intervention chargé de missions humanitaires à l'étranger, den HIT (Humanitarian Intervention Team Luxembourg)

Fir Ausbildungszwecker verfügt den CGDIS iwwer zwee Ausbildungszentren, d' École nationale de la protection civile zu Schëmpech, an d' École nationale du service incendie et de sauvetage zu Nidderfeelen.

Mat der Fäerdegstellung vum CNIS, Centre national d'incendie et de secours zu Gaasperech Enn 2020, wärt allerdéngs Haaptausbildung an da Haaptstad ofgehalen ginn.

Graden an Funktiounen[änneren | Quelltext änneren]

Graden[änneren | Quelltext änneren]

Duerch de Règlement grand-ducal vum 18. September 2018 goufe folgend Graden agefouert:

D'Grade kritt een duerch Formatioun, Funktioun oder Anciennetéit. Am operationelle Pompjeeesbereich kennt den CGDIS folgend Funktiounen: Equipier Stagiaire, Equipier, Chef de Bînome, Chef d'Agré, Chef de Section, Chef de Peloton, Chef de Compagnie, Chef de Bataillon. Wärend ee vum Equipier Stagiaire bis zum Chef de Bînome mat der néideger Formatioun kann opsteigen, muss en fir déi aner Funktioune proposéiert ginn. Deemno wéi laang een déi Funktioun schonn huet, kann een unhand vun der Anciennetéit weider klammen.

Beispiller:

Deen, den nei an den CGDIS antrëtt, kritt eng Ernennung als Equipier Stagiaire an de Grade vum Brigadier-aspirant. Déi Persoun huet dräi Joer Zäit fir hir Formatioune fir d'Nominatioun zu engem Equipier ofzeschléissen. Da kritt se niewent der Funktioun vum Equipier och de Grade vum Brigadier.

Ass een 2 Joer am Grade vum Brigadier an huet ee seng Formatioun zum Chef de Bînome ofgeschloss, da gëtt ee Caporal. Ass een 3 Joer laang Caporal gëtt ee Caporal-chef. No 20 Joer no der Nominatioun vum Grade Brigadier, gëtt ee Caporal-chef 1ère classe. De Grade vum Caporal-chef 1ère classe erkennt virun allem d'Leeschtung vum Pompier de Support un. Hie kann no senger Formatioun net méi wäit klammen wéi Brigadier a kritt duerch d'Anciennetéit vun 20 Joer säi leeschte Grade.

Wëll een an d'Grade vum Sergent kommen, muss een dräi Joer am Grade Caporal oder Caporal-Chef sinn an d'Formatioun souwéi d'Funktioun vum Chef d'Agré hunn. Fir de Sergent-chef muss een d'Funktioun an d'Formatioun vum Chef de Section hunn an 3 Joer am Grade vum Sergent gewiescht sinn. No 3 Joer als Sergent-chef gëtt een automatesch Sergent-major. No weideren 3 Joer gëtt een Adjudant. Als Chef de Sectioun kann een net weider klammen. Fir Adjudant-chef ze ginn, muss een eng Formatioun als Chef de Peloton hunn.

Operationell Funktiounen[änneren | Quelltext änneren]

Den CGDIS ënnerscheet sech am operationellen Deel an dräi Kategorien. De rouden Beräich INCSA (Incendie-sauvetage), de wäissen Beräich SAP (Secours á personne) an den speziellen Beräich (Hondsstaffel, Fräschmänner, etc...). Zwar as et méiglech just am wäisse Beräich ze schaffen, mee d'mëttelfristegt Zil ass et, datt all Member vum CGDIS d'Basiswësse vum rouden an wäissen Beräich huet. Ausgeholl si spezial Beräicher, well hei méi op d'Spezialiséierung gekuckt gëtt. Déi folgend Funktioune kënnen also an deenen dräi Beräicher ausgefouert ginn.

Equipier-stagiaire[änneren | Quelltext änneren]

Jiddereen, dee beim CGDIS ufänkt, kritt eng Nominatioun als Equipier-stagiaire. Hien huet dann 3 Joer Zäit seng Basisformatioun zum Equipier ofzeschléissen. Deen éischte Grad, deen een kritt, ass dee vum Brigadier-aspirant. Huet ee schonn en Deel vun der Basisformatioun absolvéiert, kann ee scho fir Asätz zougelooss ginn.

Equipier[änneren | Quelltext änneren]

Fir Equipier ze sinn, muss ee folgend Formatiounen am INCSA-Beräich absolvéiert hun: Éischt-Hëllef-Cours, Cours d'initiation commun (CIC), Formation d'Incendie et Sauvetage Niveau I (FIS I), Formation d'Incendie et Sauvetage Niveau II (FIS II), Appareil Respiratoire Isolant Niveau I (ARI I) an Appareil Respiratoire Isolant Niveau II (ARI II). Dat entsprécht insgesamt 256 Stonne Formatioun iwwer en Zäitraum vun 3 Joer. Hie gëtt an der Reegel vun engem Chef de Bînome gefouert. Als Equipier huet een de Grad vum Brigadier.

Am SAP-Beräich muss ee d'Formatioun Éischt-Hëllef-Cours, Cours d'initiation commun (CIC) an den Secours à personnes Niveau I (SAP I) hunn. Dat entsprécht 88 Stonne Formatioun. Et ass allerdéngs virgesinn, datt all Pompjee, deen nei an den CGDIS erakënnt, den SAP I maachen soll. Den Equipier SAP kann als drëtt Persoun op engem RTW (Rettungswagen / Ambulanz) matfueren. Bei Personalmangel och noutfalls als zweet Persoun.

D'Formatioun fir den Equipier an enger Spezialequipe auszebilden, ass nach net genee definéiert a variéiert vun Equipe ze Equipe (Stand: 2018) .

Chef de Bînome[änneren | Quelltext änneren]

De Chef de Bînome muss am INCSA Beräich nach zousätzlech d'Formatioun Formation d'Incendie et Sauvetage Niveau III (FIS III) absolvéieren. Dat entsprécht 64 Stonnen. Hie féiert een Equipier an den Asaz a féiert Uerden vum Chef d'Agré oder Chef de Section aus. De Bînome, deen aus 2 Persounen besteet, ass déi klengsten taktesch Unitéit am INCSA Beräich. Hei kann ee Graden vum Brigadier bis Caporal-chef 1ère classe hunn/kréien.

Am SAP Beräich muss een d'Formatioun SAP II hunn. Dat entsprécht 376 Stonnen. Dës héich Zuel kënnt virun allem duerch praktesch Stagen an Zentren mat Ambulanzen an a Spideeler.

Chef d'Agré[änneren | Quelltext änneren]

De Chef d'Agré as de Responsabele vun engem Spezialgefier, wéi enger Dréileeder am INCSA Beräich oder vun engem RTW / Ambulanz am wäissen Beräich. Et muss een d'Formatioun Commandement Niveau I (COM I) hunn. Dat entsprécht 8 Stonnen Formatioun. Fir kënnen d'Funktioun als Chef d'Agré auszeféieren, muss een als solche genannt ginn. Hie kann de Grad vum Sergent kréien, wann all Konditiounen erfëllt sinn. Hien leet am Normalfall net méi wéi 2 Leit am Asaz (2+1).

Chef de Section[änneren | Quelltext änneren]

De Chef de Section as de Responsabele vun engem operationelle Gefier am INCSA Beräich. Dat kann am klassesche Fall e Löschfahrzeug mat 1+5 Mann Besatzung sinn. Hie ka bis zu 8 Leit leeden. Am wäissen Beräich fënnt een aus organisatoresche Grënn keng Chef de Section, well e Chef vun engem RTW / enger Ambulanz an der Reegel e Chef d'Agré ass. Am Asaz kann et virkommen, datt e Chef de Section als Chef vun der Versuergung vu Verletzten designéiert gëtt. Dann huet en e puer RTW Equippen ënnert sech.

Et kann och virkommen, dat e Chef de Sektioun niewent senger Sektioun vu 5 Persounen och nach e Chef d'Agré mat 2 Persounen ënnert sech huet. Dat as oft de Fall, wann eng Dréileeder mat engem Löschfahrzeug ausréckt. De Chef de Section ass Chef vu sengem Gefier (LF) a vum Dispositiv. De Chef d'Agré ass Chef vun der Dréileeder a féiert d'Uweisunge vum Chef de Section aus. Komme weider Gefierer dobei, wéi anner Löschfahrzeuge mat anere Chef-de-Sectiounen, ass den éischte Chef de Section op der Plaz de Chef vum Asaz, de sou genannten COS (Commandant des Opérations de Secours). Soubal ee Chef de Peloton op der Platz ass, gëtt en den COS un dësen of.

De Chef de Section muss d'Formatioun Commandement Niveau II (COM II) absolvéiert hunn. Dat entsprécht 64 Stonnen. Hie kann d'Grade vum Sergent bis Adjudant hunn.

Chef de Peloton[änneren | Quelltext änneren]

De Chef de Peloton ka bis zu 4 Sektioune mat eventuelle Chef-d'Agréë leeden. Hie soll an der Reegel vun engem weidere Chef de Peloton ënnerstëtzt ginn, deen takteschen Zeechnungen (Main courante) ausféiert an d'Kommunikatioun um Funk observéiert. Dësen zweete Chef de Peloton huet eng ënnerstëtzend Funktioun. Am Moment (Stand 2018) sinn déi meescht fréier Chef-de-Corpsen a Chef-de-Corps-adjointen als Chef de Peloton ausgebilt ginn. Et kann een dës Positioun just op Propose vu der Verwaltung ausféieren. Et brauch ee dofir eng Formatioun fir Commandement Niveau III (COM III), wat 64 Stonnen sinn. Et kann een de Grad vum Adjudant bis Lieutenant 1ère classe hunn. An der Theorie kann de Chef de Peloton bis zu 32 Leit kommandéieren.

Chef de Compagnie[änneren | Quelltext änneren]

De Chef de Compagnie muss vun der Verwaltung ernannt ginn. Hie brauch keng spezifesch Formatioun méi, wei de Chef de Peloton. An der Reegel handelt et sech beim Chef de Compagnie, dee bis zu 4 Chef-de-Pelotonen ënnert sech kann hunn, ëm de Chef vun enger Zon. Dëse kënnt allerdéngs just bei groussen Asätz vir. Am Moment (2018) gëtt et maximal 2 Chef-de-Compagnië pro Zon. E Chef de Compagnie kann an der Theorie bis zu 132 Leit kommandéieren. Hie kann de Grade vum Capitaine bis Colonel hunn, wann en och gläichzäiteg Chef de Zone ass.

Chef de Battalion[änneren | Quelltext änneren]

De Chef de Battalion muss vun der Verwaltung ernannt ginn. An der Reegel handelt et sech ëm den Directeur général, oder ee vun sengen Directeur-du-departementen. Hie ka bis zu 4 Chef-de-Compagnië leeden. Dat entsprécht bis zu 532 Persounen. Eng spezifesch Formatioun ass net virgesinn. Hie kann de Grad vum Colonel bis Directeur général hunn, wann en och gläichzäiteg de Chef vum CGDIS ass.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Loi du 27 mars 2018 portant organisation de la sécurité civile et création d’un Corps grand-ducal d’incendie et de secours
  2. "Services de secours: un seul 'corps', un seul numéro." wort.lu, 01.07.2018.