Corvus (Stärebild)

Vu Wikipedia
Date vum Stärebild Corvus
Lëtzebuerger Numm Kueb
Laténgeschen Numm Corvus
Laténgesche Geenitiv Corvi
Laténgesch Ofkierzung Crv
Positioun Himmelsequator
Rektaszensioun 11 56m bis 12h 56m
Deklinatioun -11°40' bis 25°10'
Fläch 184 Quadratgrad
Siichtbar op de Breetegraden 65° Nord bis 90° Süd
Observatiounszäitraum
fir Mëtteleuropa
Fréijoer
Zuel vun de Stäre mat
Gréisst < 3m
4
Hellste Stär,
Gréisst
γ Corvi (Gienah),
2,59m
Meteorstréim Corviden, 27./28. Juni
Nopeschstärebiller
(vun Norden am
Auerzäresënn)
Virgo
Crater
Hydra
Kaart vum Stärebild Corvus

De Kueb (latäin Corvus) ass e Stärebild südlech vum Himmelsequator.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

De Corvus ass e klengt Stärebild nërdlech vum Stärebild Hydra. Déi véier hellste Stäre mat enger visueller Magnitude ëm 3 m maachen e Véiereck.

Déi bescht Observatiounszäit sinn d'Méint Mäerz bis Mee.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

De Corvus gehéiert zu den 48 Stärebiller aus der anticker Astronomie, déi schonn dem Ptolemäus bekannt waren.

Meteorstréim[änneren | Quelltext änneren]

De Meteorstroum vun de Corviden kann ëm de 27. an 28. Juni observéiert ginn.

Himmelsobjeten[änneren | Quelltext änneren]

Stären[änneren | Quelltext änneren]

B F Numm o. aner Bezeechnungen Gréisst Lj Spektralklass
γ 4 Gienah, Gienah Ghurab 2,59m 190 B8 III
β 9 Kraz 2,65m 140 G5 II
δ 7 Algorab 2,94m 120 B9 V
ε 2 Minkar 3,02m 140 K2 III
α 1 Alchibah 4,02m 49 F2 IV
ζ 5 5,20m 360
η 8 4,30m
3 5,45m
6 5,66m

Den γ Corvi ass mat enger visueller Magnitude vun 2,6m den hellste Stär am „Kueb“. Hien ass 190 Liichtjoer vun eis ewech an e liicht blo-wäiss. De Stär gehéiert zu der Spektralklass B8.

Den Numm Gienah ass arabesch a bedeit „Flillek“.

96 Liichtjoer wäit ewech läit de β Corvi (Kraz). Et ass e giele Stär a gehéiert zu der Spektralklass G5.

Och d'Nimm vun de Stäre Minkar (ε Corvi) an Alchiba (α Corvi) sinn arabesch a bedeite Schniewel an Zelt.

Duebelstären[änneren | Quelltext änneren]

System Gréissten Ofstand
δ 3,0m/9,2m "
ζ 5,2m/13,7m

Den δ Corvi (Algorag kënnt vum arabeschen al-ġurāb, „de Kueb“). Et ass en Duebelstäresystem op enger Distanz vu ronn 120 Liichtjoer.

Verännerlech Stären[änneren | Quelltext änneren]

Objet Gréisst Period Typ
R 6,7m–14,4m 317 Deeg Mira-Stär

Den R Corvi ass e laangperiodesche verännerleche Stär vum Typ Mira. Iwwer en Zäitraum vun 317 Deeg verännert hie seng Hellegkeet vu 6,7 bis 14,4m.

Messier- an NGC-Objeten[änneren | Quelltext änneren]

Messier (M) NGC aner Gréisst Typ Numm
4038 10,5m Galaxis Antennegalaxis
4039 10,5m Galaxis Antennegalaxis
4361 10,5m Planetareschen Niwwel

Am Corvus ass d'Galaxiëkoppel NGC 4038 an den NGC 4039. Déi zwou Galaxië goufen duerch déi géigesäiteg Gravitatiounswierkung staark verformt, woubäi op laangbeliichte Fotoen, zwéin dënn Fiedem siichtbar ginn, déi un Antennen erënneren.

De Planetareschen Niwwel NGC 4361 läit op enger Distanz vu 4.300 Liichtjoer. An hirem Zentrum ass en 12,8m hellen Zentralstär, e Wäissen Zwerg, ze gesinn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Corvus (constellation) – Biller, Videoen oder Audiodateien