Coucy-le-Château-Auffrique

Vu Wikipedia
Coucy-le-Château-Auffrique
Land Frankräich
Regioun Hauts-de-France
Departement Aisne
Arrondissement Laon
Kanton Vic-sur-Aisne
Postcode 02380
Gemengecode 02217
Koordinaten 49° 31’ 13’’ N
      03° 19’ 21’’ O
Fläch  1 146 ha
Bevëlkerung  995 (1999)

Coucy-le-Château-Auffrique ass eng franséisch Gemeng a fréier Festung am Departement Aisne, an der Regioun Hauts-de-France.

D'Gemeng ass 1921 duerch d'Fusioun vun de Gemengen Auffrique-et-Nogent a Coucy-le-Château entstanen.

D'Uertschaft Coucy-le-Château-Auffrique läit um hallwe Wee tëscht Tergnier am Norden, a Soissons am Süden, westlech vu Laon.

Si deelt sech op an zwéin Niveauen, d'Ville basse déi baussent de Mauere vun der Festung läit, an d'Citée fortifiée bannent de Maueren ëstlech vun der eigentlecher Festung. D'Festung am Weste steet op enger Nock déi an d'Däller vun der Oise an der Ailette kuckt.

D'Schlass vu Coucy, vun deem en haut nach d'Reschter gesi kann, gouf am 13. Joerhonnert gebaut.

D'Festungsmauere mat de Wéngerten op der Südsäit.

Kuckt och[Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Coucy-le-Château-Auffrique – Biller, Videoen oder Audiodateien