Cour des comptes (Lëtzebuerg)

Vu Wikipedia
D'Cour des comptes

D'Lëtzebuerger Cour des comptes, och Rechnungshaff genannt, ass e staatlecht Organ, deem seng Aufgab ass et, z'iwwerpréiwen, ob de Lëtzebuerger Staat, d. h.; seng Organer, Servicer, Verwaltungen an ëffentlech Ariichtungen, d'Suen, déi en anhëlt, op eng legal, reglementär a verstänneg Aart a Weis ausgëtt. Dofir ka si all Moment vun Administratiounen Dokumenter an Informatiounen ufroen, fir hir Ënnersichungen ze maachen.

Hir Organisatioun an Aktivitéite si vum Artikel 105 vun der Verfassung an dem Gesetz vum 8. Juni 1999 festgeluecht. D'Cour des comptes gëtt all Joer, fir d'Chamber, e Rapport iwwer de Staatsbudget eraus, a kann op eegen Initiativ soss Rapporte publizéieren. Och d'Chamber ka vun der Cour des comptes en Avis ufroen iwwer Gesetzprojeten oder –propositiounen, bei deenen héich Geldzommen am Spill sinn.

Si besteet aus engem President, engem Vizepresident an 3 Conseilleren, déi vum Grand-Duc op Virschlag vun der Chamber op 6 Joer, déi verlängert kënne ginn, ernannt ginn. Ënner dësem Collège schaffe 35 Leit, déi geleeëntlech vun externen Experten ënnerstëtzt ginn.

Virgänger vun der Cour des comptes war d'Chambre des comptes, deemools och Rechnungskummer genannt, déi duerch en Arrêté vum Kinnek-Groussherzog aus dem Joer 1840 als onofhängegt Organ gegrënnt gi war.

Si huet hire Sëtz am Hotel de Gerden an der Stad Lëtzebuerg

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]