Covoiturage

Covoiturage ((de) Fahrgemeinschaft, (en) Carpooling) ass eng Form vum Transport, bei där zwou oder méi Persounen sech zesummen dinn, fir eng Rees zesummen ze maachen, an domat Käschten, Emissiounen an den Autosverkéier ze reduzéieren. Am alldeegleche Sproochgebrauch si mam Ausdrock "Covoiturage" typescherweis Eenzelpersounen a Gruppe vu Pendler gemengt, déi sech kennen a sech reegelméisseg een oder méi Autoe fir hiren Trajet vun doheem op d'Aarbecht deelen. Covoiturage kann awer och fir Reesen iwwer méi grouss Distanzen oder als Alternativ zum ëffentlechen Transport gebraucht ginn.
Dësen Transportmodus hat säin Ufank an de 1970er Joren, besonnesch an Nordamerika a Westeuropa, als Äntwert op d'Energiekris an d'Zouhuele vun der Zuel vu Gefierer am Stroosseverkéier. Mat dem Opkomme vum Internet a spezialiséierten Online-Plattforme wéi BlaBlaCar huet de Covoiturage an de leschte Joerzéngten u Popularitéit gewonnen.
Prinzip an Organisatioun
[änneren | Quelltext änneren]Covoiturage baséiert op enger Koordinatioun tëscht Chauffer a Passagéier, déi eng änlech Route hunn. D'Organisatioun kann informell geschéien – zum Beispill bannent enger Famill, Frëndeskrees oder tëscht Kolleegen – oder iwwer professionell Plattformen, déi d'Sich an d'Kommunikatioun tëscht Participanten erliichteren.
D'Participanten deele sech meeschtens d'Käschte vun der Rees (z. B. Bensinn, Péage), mee de Chauffer mécht kee Gewënn, fir net als kommerziell Transportaktivitéit ze gëllen.
Situatioun zu Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]Zu Lëtzebuerg gëtt Covoiturage vu staatlechen an net-staatleche Strukturen ënnerstëtzt, fir d'Verkéiersopkommes an d'CO₂-Emissiounen ze reduzéieren. D'Regierung encouragéiert dës Mobilitéitsform als Deel vun der Multimodalitéitspolitik, fir dat individuellt Benotze vum Auto ze reduzéieren an eng gemeinschaftlech Notzung ze promouvéieren.
Offiziell Plattformen a Projeten
[änneren | Quelltext änneren]De Mobilitéitsministère hat am Kader vu senger Mobilitéitsstrategie déi national Plattform CoPilote.lu entwéckelt; am Januar 2021 ass se mat klaxit.com ersat ginn[1]. Déi gratis Online-Plattform bréngt Privatleit a Betriber zesummen a funktionéiert iwwer eng App an e Webportal, wou d'Chaufferen an d'Passagéier hir Trajeten organiséiere kënnen.
Aner Initiative gëtt et och an Entreprisen, fir hire Mataarbechter Covoiturage-Léisungen unzebidden.
Covoiturage-Spuer op der A3
[änneren | Quelltext änneren]Als Deel vu senger Mobilitéitsstrategie gouf am Joer 2025 déi éischt Covoiturage-Spuer op der Diddelenger Autobunn agefouert. Dës speziell Fuerbunn ass reservéiert fir Autoe mat op d'mannst zwou Persounen (Chauffeur + Passagéier) a soll d'Pendler encouragéiere fir zesummen ze fueren an esou an de Spëtzestonnen d'Autobunn z'entlaaschten an d'Ëmwelt ze schounen.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Autobunn A3 (Lëtzebuerg)#Ausbau op 2×3 Spueren.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]![]() |
Commons: Covoiturage – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Ministère de la Mobilité et des Travaux publics, "Ouverture du premier tronçon de l'autoroute A3 à 2x3 voies avec une voie dédiée au covoiturage/bus"
- Klaxit op transports.public.lu
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ (fr) Le portail de covoiturage CoPilote intègre l'application Klaxit. gouvernement.lu (28.01.2020). Gekuckt de 14.06.2025.