Coye-la-Forêt
Ausgesinn
| |||||
|---|---|---|---|---|---|
Stadhaus | |||||
| Land | |||||
| Regioun | Hauts-de-France | ||||
| Departement | Oise (60) | ||||
| Arrondissement | Senlis | ||||
| Kanton | Chantilly | ||||
| Postcode | 60180 | ||||
| Gemengecode | 60172 | ||||
| Bevëlkerung | 3.915 Awunner[1] (1. Januar 2023[1]) | ||||
| Fläch | 696 ha | ||||
Coye-la-Forêt ass eng franséisch Gemeng mat 3.915 Awunner (Stand 1. Januar 2023)[2][1] am Departement Oise an der Regioun Hauts-de-France. Si gehéiert zum Arrondissement Senlis an zum Gemengeverband Aire Cantilienne.
D'Gemeng Coye-la-Forêt läit un der Thève am Regionale Naturpark Oise-Pays de France op der Grenz mam Departement Val-d'Oise, 35 Kilometer nërdlech vu Paräis. Coye-la-Forêt gëtt vum RER D vum Paräisser Banlieuesverkéiersreseau a vum TER Hauts-de-France bedéngt. Nërdlech vun der Gemeng läit de Bësch vu Chantilly, woud och déi kënschtlech Séien Étangs de Commelles dra sinn.
- Zentrum vu Coye-la-Forêt
- Haaptplaz vu Coye-la-Forêt
Populatiounsentwécklung
[änneren | Quelltext änneren]| Joer | 1962 | 1968 | 1975 | 1982 | 1990 | 1999 | 2006 | 2014 | 2021 |
|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
| Awunner | 2075 | 2509 | 3048 | 3094 | 3199 | 3516 | 3760 | 3861 | 3950 |
| Quellen: Cassini an INSEE | |||||||||
Kuckeswäertes
[änneren | Quelltext änneren]- Kierch Notre-Dame-de-la-Jeunesse
- Schlass Coye-la-Forêt
- Schlass Reine Blanche
- Dräi-Schlässer-Domaine (Les Tilles, L'Hermitage an Forest Loge)
- Waassertuerm
- Wäschbuer
Biller
[änneren | Quelltext änneren]- Kierch Notre-Dame-de-la-Jeunesse
- Schlass Reine Blanche
- Schlass Coye-la-Forêt
- Schoul
- Bibliothéik
- Wäschbuer
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Coye-la-Forêt – Biller, Videoen oder Audiodateien |
