Op den Inhalt sprangen

Crédit anversois

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Crédit Anversois)
Dësen Ekonomiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Crédit anversois
Grënnungsdatum 1898
Opléisungsdatum 1941

De Crédit anversois war eng belsch Bank, déi 1898 gegrënnt an tëschent 1939 a 1941 liquidéiert gouf.

Presenz zu Lëtzebuerg

[änneren | Quelltext änneren]

Am Juni 1919 huet de Crédit anversois eng Filial zu Lëtzebuerg etabléiert, fir d'éischt am sougenannten Derulle-Haus, um Eck vun der Philipps- an der Ënneschtgaass an der Stad. Méi spéit gouf de Setz dann op de 55 Boulevard Royal verluecht. 1925 gouf déi Filial an eng Gesellschaft vu lëtzebuergeschem Recht[Wat fir?] transforméiert.

De Crédit anversois war 1939 ee vun de Grënnungsmembere vun der ABBL. Déi lëtzebuergesch Gesellschaft war net direkt vum belsche Liquidationsprozess touchéiert mä gouf 1940 vun der BGL iwwerholl.[1]

Am Verwaltungsrot waren e. a. de Gaston d'Ansembourg (President) an den Émile Reuter (Vize-President).

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Trausch G. (dir.), Belgique –Luxembourg: les relations belgo-luxembourgeoises et la Banque générale du Luxembourg (1919-1994), Imprimerie Centrale., Luxembourg, 1995, S. 245.