Crédit industriel d'Alsace et de Lorraine
| Dësen Ekonomiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Crédit industriel d'Alsace et de Lorraine CIAL | |
|---|---|
| Grënnungsdatum | 1931 |
| Sëtz | Stroossbuerg |
|
| |
De Crédit industriel d'Alsace et de Lorraine (gekierzt CIAL) war eng franséisch Bank, déi 1931 aus der Fusioun vun der Banque d'Alsace et de Lorraine mat der Société alsacienne de crédit industriel et commercial entstanen ass.
Presenz zu Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]Den 23. Juni 1920 huet Banque d'Alsace et de Lorraine eng Filial zu Lëtzebuerg opgemaach, déi vun 1931 un de Numm CIAL gedroen huet. An den 1930er Joren hat de CIAL Agencen an der Stad, zu Esch-Uelzecht, an der Fiels an zu Réimech. 1928 war de CIAL e Grënnungsmember vun der Bourse an 1939 vun der ABBL. Wärend dem Zweete Weltkrich koum de CIAL ënnert d'Kontroll vum däitsche Okkupant a gouf an d'BGL integréiert. No de Befreiung 1944 huet d'Bank nees onofhängeg fonctionéiert.
De Siège war vun Ufank un an der Groussgaass etabléiert an de CIAL huet sech 1956 um Eck mat der Aldrengerstrooss en neit Gebai gebaut[1].
1969 huet de CIAL 30 % vun der lëtzebuergescher Banque Mathieu Frères iwwerholl, 1971 dann 100 %.
1991 gouf déi lëtzebuergesch Filial opgeléist an d'Aktivitéite grad wéi d'Clientèle vum CIAL goufe vun der Banque de Luxembourg iwwerholl.[2]
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Crédit industriel d'Alsace et de Lorraine – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ (de) GROSSBAUTEN IN LUXEMBURG S. 3. d'Letzeburger Land, 3. Jg., nº 42, Digitised by the National Library of Luxembourg (19.10.1956). Gekuckt den 10.01.2026.
- ↑ Ulrich Meier, Struktur des Bankwesens in Luxemburg, 3., Völlig neu bearb. Aufl.., Frankfurt am Main, Fritz Knapp Verl, 1997, S. 69-70.
