Crédit lyonnais
| LCL fréier: Crédit lyonnais | |
|---|---|
|
Logo | |
|
Gebai vum Crédit lyonnais um Boulevard des Italiens zu Paräis | |
| Typ | Société anonyme |
| Grënnungsdatum | 6. Juli 1863 |
| Grënner | Henri Germain |
| Land | Frankräich |
| Sëtz | 18 rue de la République, 69002 Lyon |
| Besëtzer | Crédit agricole |
| Direkter | Philippe Brassac |
| Branche | Bankservicer |
| Homepage | www.lcl.fr |
|
| |
LCL, fréier Crédit lyonnais ass eng franséisch Bank, eng Duechtergesellschaft vu Crédit agricole, déi 1863 zu Lyon vum François Barthélemy Arlès-Dufour an dem Henri Germain gegrënnt gouf. Si gëllt als ee vun den dräi Piliere vum franséische Bankesecteur a gëtt a Frankräich zesumme mat der BNP Paribas an der Société générale zu de sougenannten "Trois vieilles" gezielt[1].
D'1990er Jore waren eng däischter Period fir de Crédit lyonnais, dee bal faillite gaangen ass a mat enger Rëtsch vu Skandaler (ë. a. d'Affär vum Crédit lyonnais, e franséische politeschen a finanzielle Skandal an den 1990er Joren) a Verbindung stoung, déi dem Bild vun der Bank geschuet hunn grad sou wéi d'Affär Tapie - Crédit lyonnais. Am Summer 1999 gouf de Crédit lyonnais privatiséiert[2](e war 1982 verstaatlecht ginn) an e gouf eng Duechtergesellschaft vum Crédit agricole. Am Joer 2005 gouf en an LCL ëmgenannt (eng Ofkierzung fir "Le crédit lyonnais"), well de fréieren Numm en negative Bäigeschmaach hat.
Presenz zu Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]De 7. Februar 1929 gouf ugekënnegt, datt de Crédit lyonnais eng Filial an der Stad Lëtzebuerg opmaache géif[3], an déi Lëtzebuerger Filial ass dunn de 16. August 1929 an d'Liewe geruff ginn[4] a gouf direkt Aktionär bei der Bourse. 1939 war d'Bank ee vun de Matgrënner vun der Association des banques et banquiers, Luxembourg (ABBL).
1940 gouf de Crédit lyonnais vum däitsche Besatzer zougemaach an no der Befreiung, koum d'Bank 1945 nees hannescht op Lëtzebuerg[5]. Ufanks vun de 1990er Joren hunn 170 Leit an der lëtzebuergescher Filial geschafft; se war deemools op der 15. Plaz vun de gréisste Banken zu Lëtzebuerg.[6]
Am Joer 2004 huet de Crédit lyonnais mat den Aktivitéiten zu Lëtzebuerg opgehalen an d'Personal ass vum Crédit agricole iwwerholl ginn.[7]
De Sëtz vum Crédit lyonnais war an der Maison Schumacher, genannt nom fréiere Proprietär, op N° 26a um Boulevard Royal an der Stad (Um Eck mat der Montereysavenue). Wärend dem Zweete Weltkrich hat d'Bank der Deutschen Arbeit sech am Gebai installéiert. Et war eent vun den ikonesche Gebaier an där Strooss; et gouf 2007 ofgerappt.[8]
Direkteren
[änneren | Quelltext änneren]- Georges Collet (1929-1932)
- Georges Hauduc (1932-1937)
- Etienne Masson (1938-1939)
- Jacques du Pouget de Nadaillac (1939-1940)
- François de Montalivet (1945-1950)
- Olivier Roux (1951 bis an 1960er Joren)
- Roland Delahaye (1970er Joren)
- Gilbert Bochaton (1970er Joren)
- Jean-Claude Goubet (1980er Joren)
- Bernard Darmayan (1980er Joren)
- Jean-Louis Joubert (1988-1992)
- …
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Crédit lyonnais – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ (fr) Banque : les « trois vieilles » entament leurs négociations sur les 35 heures. www.lesechos.fr (2.03.2000). Gekuckt de 06.01.2026.
- ↑ La privatisation a lieu dans l'été 1999 et l'État conserve 10 % du capital.
- ↑ (de) Lokalneuigkeiten. National-Zeitung und Landwirt, 93. Jg., nº 32, p. 3., Digitised by the National Library of Luxembourg (07.02.1929). Gekuckt de 05.01.2026.
- ↑ Recueil des sociétés et associations N° 49/1929
- ↑ Marx C., M. Limpach, et B. Majerus (dir.), Surveillance, indépendance et intégrité, Luxembourg, CSSF, 2020.
- ↑ Note de conjoncture. L'économie luxembourgeoise en 1990, Luxembourg, Statec, 1991, S. 122.
- ↑ « Crédit Lyonnais Luxembourg baisse le pavillon », d’Lëtzebuerger Land, 24 septembre 2004, p. 9.
- ↑ Robert L Philippart, « L’histoire de la maison Schumacher: le Crédit lyonnais va disparaître: l’architecture représentative entre esthétisme traditionnel et modernisme », Die Warte, avril 2007, vol. 59, no 13, p. 1‑2.
