Crafoord-Präis

Vu Wikipedia

De Crafoord-Präis gëtt vun der Kinneklech Schweedescher Akademie vun de Wëssenschaften iwwerreecht. Säin Zweck ass d'Éierung an d'Hëllef vu Grondlagefuerschung an Disziplinnen, déi den Nobelpräis net ofdeckt. Dorënner fale Mathematik, Geowëssenschaften, Biologie (besonnesch a Richtung Ekologie an Evolutioun) an Astronomie. De Präis ass no sengem Stëfter, dem Industriellen Holger Crafoord benannt.

De Crafoord-Präis gëtt nëmmen eemol am Joer verginn, kann awer op bis zu dräi Präisdréier opgedeelt ginn. Bei der éischter Verdeelung am Joer 1982 war d'Präisgeld 400.000 schweedesch Krounen, wat ongeféier 60.000 US-Dollar entsprach huet. Momentan läit d'Präisgeld bei 500.000 US-Dollar.

Joer Kategorie Laureaten Begrënnung fir de Präis
1982 Mathematik Wladimir Igorewitsch Arnold (SU) an den
Louis Nirenberg (CA/USA)
„fir aussergewéinlech Leeschtungen an der Theorie netlinearer partieller Differentialgläichungen“
1983 Geowëssenschaften Edward N. Lorenz (USA) an den
Henry Stommel (USA)
„fir grondleeënd Bäiträg um Feld vun der geophysikalescher Hydrodynamik, déi op eenzegaarteg Aart a Weis zu engem déiwen Verstoen vun de grousse Beweegunge vun der Atmosphär an dem Mier gefouert hunn“
1984 Biowëssenschaften Daniel Hunt Janzen (USA) „fir seng afallsräich an interessant Studien zu der Koevolutioun, déi vill Fuerscher zu weideren Aarbechten op dësem Gebitt inspiréiert hunn“
1985 Astronomie Lyman Spitzer (USA) „fir fundamental, bunnbriechend Studien iwwer bal jiddwer Aspekt vum interstellare Medium, déi hiren Héichpunkt mat de Resultater, déi beim Benotze vum Weltraumteleskop Copernicus erreecht goufen“
1986 Geowëssenschaften Claude Allègre (FR) an den
Gerald Joseph Wasserburg (USA)
„fir hir Pionéierstudien iwwer geocheemesch Bezéiunge vun Isotopen a geologesch Interpretatiounen, déi dës Resultater erméiglecht hunn“
1987 Biowëssenschaften Eugene P. Odum (USA) an den
Howard T. Odum (USA)
„fir aussergewéinlech Bäiträg um Feld vun der Ekologie vun den Ekosystemer“
1988 Mathematik Pierre Deligne (BE) an den
Alexander Grothendieck (FR) 1
„fir grondleeënd Fuerschungen an der algebraiescher Geometrie“
1989 Geowëssenschaften James van Allen (USA) „fir seng bunnbriechend Fuerschung vum Weltraum, besonnesch der Entdeckung vun den energeeteschen Deelchen, déi am geomagnéitesche Feld gefaange sinn, dat d'Stralerimmer – die Van-Allen-Rimm – ëm eis Äerd formt“
1990 Biowëssenschaften Paul Ralph Ehrlich (USA) „fir seng Fuerschung an der Dynamik a Geneetik vu fragmentaresche Populatiounen an der Bedeitung vun de Verdeelungsmustere fir hir Iwwerliewenswarscheinlechkeet“
Edward Osborne Wilson (USA) „fir d'Theorie vun der Inselbiographie an aner Fuerschungen iwwer d'Aartenauswiel an d'Eenegkeetsdynamik op Inselen an a weideren Habitate mat ënnerschiddlechen Isolatiounsgraden“
1991 Astronomie Allan Rex Sandage (USA) „fir seng wichteg Bäiträg zu der Studie vun de Galaxien, hire Stäre-, Stärekéip- an Niwwelpopulatioun, hirer Evolutioun, der Vitess-Ofstand-Relatioun (oder Hubble-Relatioun) an hir Entwécklung iwwer d'Zäit“
1992 Geowëssenschaften Adolf Seilacher (DE) „fir seng innovativ Fuerschung, déi d'Evolutioun vum Liewen an d'Wiesselwierkung mat der Ëmwelt, wéi si a geologeschen Opzeechnungen dokumentéiert gëtt, betrëfft“
1993 Biowëssenschaften William D. Hamilton (GB) „fir seng Theorien Verwandtschaften an Evolutioun“
Seymour Benzer (USA) „fir seng bunnbriechend geneetesch an neurophysiologesch Studien iwwer Mutante vun der Fruuchtméck Drosophila melanogaster“
1994 Mathematik Simon Donaldson (GB) „fir seng fundamental Ënnersich an der véierdimensionaler Geometrie duerch de Gebrauch vun Instantons, besonnesch seng Neientdeckung vun neien Differentialinvarianten“
Shing-Tung Yau (USA) „fir seng Entwécklung vun netlinearen Techniken an der differentialer Geometrie, déi zu der Léisung vu verschiddenen oppene Problemer gefouert hunn“
1995 Geowëssenschaften Willi Dansgaard (DK) an den
Nicholas Shackleton (GB)
„fir fundamental Aarbecht an der Entwécklung an Uwendung vun isotope geologeschen Analysemethode fir d'Studium vu klimatesche Variatioune wärend dem Quartär“
1996 Biowëssenschaften Robert May (GB) „fir seng bunnbriechend ekologesch Fuerschung iwwer déi theoreetesch Analys vun der Dynamik vu Populatiounen, Zesummenaarbechten an Ekosystemer“
1997 Astronomie Fred Hoyle (GB) an den
Edwin Salpeter (USA)
„fir hir Bäiträg zum Studium vun nukleare Prozesser an de Stären a stellarer Evolutioun“
1998 Geowëssenschaften Don L. Anderson (USA) an den
Adam M. Dziewonski (PL/USA)
„fir hir Aarbechten zu eisem Wëssen iwwer d'Strukturen a Prozesser am Kär vun eiser Äerd“
1999 Biowëssenschaften Ernst Mayr (USA),
John Maynard Smith (GB) an den
George C. Williams (USA)
„fir hir Aarbechten zu der begrëfflecher Entwécklung vun der Evolutiounsbiologie“
2000 Polyarthritis Marc Feldmann (GB) an den
Ravinder N. Maini (GB)
„fir d'Identifizéierung vun der TNF-Blockad als een effektiivt therapeutescht Prinzip bei rheumatescher Arthritis“
2001 Mathematik Alain Connes (FR) „fir Aarbechten un der Theorie vun der Operatoralgebren an dofir, datt hien e Grënner vun der netkommutativer Geometrie war“
2002 Geowëssenschaften Dan P. McKenzie (GB) „fir seng Aarbechten zum Verständnes vun der Lithosphärdynamik, speziell vun der Plackentektonik, de Formatioune vun de Sedimentbecken a vum Mantelschmëlzen“
2003 Biowëssenschaften Carl Woese (USA) „fir d'Entdeckung vun engem drëtten Domän vum Liewen“
2004 Polyarthritis Eugene Butcher (USA) an den
Timothy A. Springer (USA)
„fir hir Studie vun de molekulare Mechanismen, déi an d'Migratioun vu wäisse Bluttzellen bei Gesondheet a Krankheet abezu sinn“
2005 Astronomie James E. Gunn (USA),
James Peebles (USA) an den
Martin John Rees (GB)
„fir hir Aarbechten iwwer d'Versteestemech vun der grouss ugeluechter Struktur vum Universum“
2006 Geowëssenschaften Wallace S. Broecker (USA) „fir seng innovativ a bunnbriechend Fuerschung iwwer d'Wierkung vum globale Kuelestoff-Zyklus bannen dem Ozean-Atmosphär-Biosphär-System a senger Wiesselwierkung mat dem Klima“
2007 Biowëssenschaften Robert Trivers (USA) „fir seng fundamental Analys vu sozialer Evolutioun, Konflikt a Kooperatioun“
2008 Astronomie Rashid Alievich Sunyaev (RU) „fir seng Aarbechten an der Héichenergie-Astrophysik a Kosmologie, besonnesch bei de Prozesser a Kräften ëm Schwaarz Lächer an Neutronestären a bei der Demonstratioun vun der diagnostescher Muecht vun de Strukturen an der Hannergrondstralung“
Mathematik Maxim Lwowitsch Konzewitsch (RU/FR) an den
Edward Witten (USA)
„fir hir wichteg Aarbecht an der Mathematik, inspiréiert duerch déi modern theoreetesch Physik“
2009 Polyarthritis Charles A. Dinarello (USA),
Tadamitsu Kishimoto (J) an den
Toshio Hirano (J)
„fir hir Pionéieraarbecht bei der Isolatioun vun Interleukinen, der Bestëmmung vun hiren Eegenschaften an der Erfuerschung vun hirer Roll beim Ufank vun Entzündungen“
2010 Geowëssenschaften Walter Munk (USA) „fir seng Pionéieraarbecht a fundamental Bäiträg zum Verstoe vun de Mieresstréimungen, Gezäiten a Wellen an hirer Roll an der Äerddynamik“
2011 Biowëssenschaften Ilkka Hanski (FIN) „fir seng grondleeënd Studien iwwer den Afloss vu raimleche Variatiounen op d'Dynamik vun Déieren- a Planzepopulatiounen“
2012 Astronomie Reinhard Genzel (DE) an
Andrea Ghez (USA)
„fir hir Stärenobservatioun, wéi si de galakteschen Zentrum ëmkreesen an doduerch d'Existenz vun engem supermassive Schwaarze Lach uweisen“
2012 Mathematik Jean Bourgain (BEL) an
Terence Tao (AUS/USA)
„fir hir brillant a grondleeënd Aarbechten an harmonescher Analys iwwer partiell Differentialequatiounen, an der Ergodentheorie, Zuelentheorie, Kombinatorik, Funktionalanalys an an der theoreetescher Computerwëssenschaft“
2013 Polyarthritis Peter K. Gregersen (USA),
Lars Klareskog (SW) und
Robert J. Winchester (USA)
"fir hir Entdeckunge bei verschiddene geneetesche Faktoren an hiren Interaktioune mat Ëmweltfaktore bei Pathogenes, Diagnosen a klineschem Management vun der rheumatoider Arthritis"
2014 Geowëssenschaften Peter Molnar (USA) "fir grondleeënd Schrëfte fir d'Verstoe vun der Tektonik, besonnesch vun der Verformung vun de Kontinenter, der Struktur an der Entwécklung vun de Bierger an dem Afloss vun den tektonesche Prozesser op ozeanesch-atmosphäresch Zirkulatioun a Klima"
2015 Biowëssenschaften Richard Lewontin (USA) an
Tomoko Ohta (Japan)
"fir hir bunnbriechend Analysen a grondleeënd Artikelen zum Versteessdemech vum geneetesche Polymorphismus"
2016 Astronomie Roy Kerr (NZ) an
Roger Blandford (USA)
"fir déi grondleeënd Aarbecht iwwer rotéierend Schwaarz Lächer an hir astrophysikalesch Konsequenzen"
Mathematik Yakov Eliashberg (USA) "fir d'Entwécklung vun der Kontakt-Topologie an der symplekteschen Topologie souwéi fir bunnbriechend Entdeckunge vu Phenomeener vun der Stabilitéit an der Flexibilitéit“
2017 Polyarthritis-Fuerschung Shimon Sakaguchi (Japan),
Fred Ramsdell (USA) an
Alexander Rudensky (USA)
"fir hir Entdeckungen a Bezuch op regulatoresch T-Zellen, déi schiedlechen Immunreaktioune bei Arthritis an aneren Autoimmunerkrankungen entgéigewirken"
2018 Geowëssenschaften Syukuro Manabe (USA) an
Susan Solomon (USA)
"fir grondleeënd Beiträg zum Verständnes vun der Roll vu Spueregasen am Klimasystem vun der Äerd"

1 ofgeleent

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Crafoord Prize – Biller, Videoen oder Audiodateien