Cyllene (Mound)

Vu Wikipedia
Cyllene
(Jupiter XLVIII)
Provisoresch oder
systematesch
Bezeechung
S/2003 J 13
Zentralkierper Jupiter
Eegenschafte vum Orbit
Grouss Hallefachs 24.349.000 km
Periapsis 16.582.000 km
Apoapsis 32.116.000 km
Exzentrizitéit 0,319
Ëmlafzäit 737,8 Deeg
Ëmlafvitess 2,34 km/s
Inklinatioun 149,3°
Physikalesch Donnéeën
Mëttleren Duerchmiesser ≈ 2 km
Dicht 2,6 g/cm3
Albedo ?
Visuell Magnitude (mag) 23,2
Entdeckung
Entdecker IFA Hawaii
Entdeckungsdatum 8. Februar 2003


De Mound Cyllene (Jupiter XLVIII) ass ee vun de klenge Mounde vum Planéit Jupiter.

Entdeckung[änneren | Quelltext änneren]

De Cyllene gouf den 8. Februar 2003 vun Astronome vun der Universitéit vun Hawaii entdeckt. Den 30. Mäerz 2005 krut de Mound vun der IAU offiziell säin Numm (no der Nymph Kyllene).

Bunndaten[änneren | Quelltext änneren]

De Cyllene kreest a 737,8 Deeg op enger mëttlerer Distanz vu 24.349.000 km ëm de Jupiter. D'Bunn huet eng Exzentrizitéit vun 0,319. Mat enger Inklinatioun vun 149,3° ass seng Bunn retrograd, d. h., de Mound beweegt sech géint d'Rotatiounsrichtung vum Jupiter ëm de Planéit.

Wéinst senge Bunneegenschafte gëtt de Cyllene zu der Pasiphae-Grupp gezielt, genannt nom Jupitermound Pasiphae.

Physikalesch Daten[änneren | Quelltext änneren]

De Cyllene huet en Duerchmiesser vun zirka 2 km., seng Dicht gëtt op 2,6 g/cm³ geschat. Hien ass warscheinlech haaptsächlech aus Silikatgestengs ogebaut. Hien huet eng Albedo vun 0,04, d. h., nëmme 4 % vum agestraalte Sonneliicht gi reflektéiert.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]